IMPROVING CYCLING

Wat Iech hei erwaart ass eng dynamesch, individuell a professionell Sëtzpositiounsanalyse, déi Iech hëlleft, Äre Sport ënner deene beschtméigleche Konditiounen ze dreiwen. Op der Sich no méi Komfort a Leeschtung bei gläichzäiteger Minimiséierung vum Verletzungsrisiko? Dir spiert Iech net gutt oder hutt esouguer Péng op Ärem Vëlo? Ech hëllefen Iech gären, onofhängeg vun Ärem Niveau an Ärer Praktik.

Loading…

Méi Komfort : manner Ustrengung : manner Verletzungen
oder
Zu der Wichtegkeet vun enger Sëtzpositiounsanalyse

Nëmmen 2% vun de Vëlosfuerer brauchen e Vëlo op Mooss. Awer: …eng Sëtzpositioun op Mooss brauch all Cyclist (Bernard Hinault).

Eng richteg Sëtzpositioun ass de Grondsteen fir d’Ausübe vum Vëlossport. Wëllt Dir méi effikass sinn? Sicht Dir méi Komfort um Vëlo? Eng Sëtzpositiounsoptiméierung erméiglecht Iech béides. D’Optiméierung vun der Interaktioun tëschent dem Cyclist a sengem Vëlo ass de Schlësselfacteur fir déi bescht Leeschtung. An: ouni Komfort kann ee keng optimal Leeschtung bréngen.

Komfort + Effizienz = Leeschtung

Och wann Dir virrangeg Leeschtung erstrieft, muss Är Sëtzposition bequem genuch sinn, fir och gehale kënnen ze ginn, ouni onnotz Energie ze verschwenden well se Iech net passt. Et ass Äre Vëlo, deen zu Iech passe soll; net ëmgedréint.

D’Sëtzpositiounsanalyse ass d’Étude vun der Sëtzpositioun a vun der Technik vum Cyclist op sengem Vëlo, fir eng besser Leeschtung a fir  de Risiko vun Iwwerbelaaschtungsverletzungen ze minimiséieren. Si stellt de Cyclist an de Mëttelpunkt vun der Analyse a versicht, eng Harmonie tëschent him a sengem Vëlo z’erreechen.

D’Methode, déi proposéiert gëtt, ass dynamesch, an zwar a zwou Hisiichten:

  • D’Sëtzpositionsanalyse geschitt an der Beweegung; Dir fuert op Ärem eegene Vëlo um Rouleau (oder op engem Fit-Bike).
  • Dir sidd am Prozess implizéiert. D’Konscht vum Bike-Fitting ass, mat objektiven Beobachtungen a subjektivem Empfannen zu jongléieren. Dat mécht all Sëtzung eenzegaarteg an all Sëtzpositiounsanalyse spannend.

.