IMPROVING CYCLING
Wat ech fir Iech maache kann
Bike Sizing gëtt oft mam Bike Fitting verwiesselt. Obwuel enk matenee verbonnen, sinn dës zwee Begrëffer vuneneen z'ënnerscheeden. Klickt hei fir méi iwwert den Ënnerscheed gewuer ze ginn.

Bike Fitting
D'Konscht a Wëssenschaft, eng Harmonie tëschent Iech an Ärem Vëlo ze fannen.

Bike Sizing
Är optimal Sëtzposition erfuerschen an déi ideal Geometrie fannen. Mir fannen zesummen Äre nächtse Vëlo.


Moosseinlagen
De Komfort an de Rendement optimiséieren mat Einlagen op Mooss.
Aner Déngschtleeschtungen
Iwwerdroe vun de Miessungen op en zweete Vëlo
Wéinst dem Afloss vun de Komponenten op d’Position, ass dës Dénschtleeschtung nëmme méiglech wann déi zwee Vëloen identesch sinn.
Suedeltester
Verschidde Suedel-Produzente bidden Testmodeller un, déi vun Ärem Vëloshändler ausgeléint ginn. Generell, muss Dir e selwer montéieren an astellen, a meeschtens kritt Dir nëmmen ee Suedel mat. Verschidde Marken hunn hir ganz Produktpalette ze testen, anerer net.
Wat ech Iech proposéieren:
Dir kommt mat Ärem Vëlo a mir testen Suedelen op der Plaz. Den Testsuedel-Wiessel geschitt normalerweis ganz séier, wat de Verglach vereinfacht. D’Videoanalyse erlaabt et den Afloss vum Suedel op d’Positioun vum Becken ze kontrolléieren. Wann Äre Feeling net zouverléisseg ass, kann enn zousätzlech op d’Suedeldrockmiessung zeréckgräifen.
Ech hunn déi meeschte Modeller vun de Marken Selle Italia, Cobb, gebioMized an SQLab op Stock. Wann Dir ee vun deen Suedele kaft, gëtt e richteg agestallt an Dir kritt de Bericht mat den Astellunge mat oder gemailt.
Well dat net eng Fitting-Sëtzung ass, gëtt Är Positioun net optimiséiert. Ech recommandéieren Iech duerfir schonn e Fitting gehat ze hunn.
Wann Dir Iech fir e Fitting entscheet hutt an et stellt sech wärend der Sëtzung eraus, datt Äre Suedel net gëeegent ass, wäert ech mäint Bescht maachen, fir Iech dee passende Suedel unzebidden. Dësen Service ass dann an der Sëtzung mat abegraff.
Kuerbellängt-Tester
D’Längt vun de Manivellen ass esou wichteg a gëtt awer esou vernoléissegt. D’Längt vun de montéierte Kuerbele geet normalerweis mat der Gréisst vun de Kaderen erop, wat fir d’Fabrikanten méi einfach ass, awer net onbedéngt logesch.
Kennt Dir Är ideal Kuerbellängt? Wann Dir nach kee Sizing hat, wahrscheinlech net.
Esou wéi et Formulë fir d’Suedelhéicht, d’Distanz Suedel-Guidon, d’Breet vum Guidon, …asw, auszerechnen, gëtt et eng Formel fir d’Kuerbellängt ze berechnen déi Dir braucht. Ech kann Iech se net soen; ech weess se net. Net méi wéi aner Formelen, well ech se net benotzen. All dës Formelen sinn éischtens obsolet, zweetens ginn se duvunner aus, datt jiddereen déi selwecht anthropometresch Proportiounen huet, déi selwecht Flexibilitéit, déi selwecht Technik, dee selwechte Niveau, ….
Et ginn esou vill Faktoren, déi déi ideal Längt bestëmmen, datt keng Formel se ausrechne kann. Et muss getest ginn.
Duerfir bidden ech dësen Service un. Um Fit-Bike kann ech d’Astellunge Ärem Vëlo reproduzéieren (vergiesst dee net) a Kuerbellängten vun 155 mm bis 185 mm testen .
Optiméiere vun der Schnëttstell Fouss-Pedall
D’Schnëttstell Fouss-Pedall ass d’Eenheet Fouss-Schong-Pedall. Iwwer déi Schnëttstell beweegt Dir Äre Vëlo no vir! Wann Dir wësst, datt d’Positioun vum Fouss op der Pedall wéineg ännert a wéi oft Dir an enger Stonn drop dréckt (Äre Trëttfrequenz x 60), bestëmmt dës kleng Fläch Komfort a Leeschtung. Si gëtt oft vernoléissegt, erméiglecht awer vill Astellungen, ofhängeg vun:
- ärem Fouss: d’Form vun de Féiss bestëmmt wat drënner soll sinn. Adaptatioun = Komfort a Leeschtung.
- äre Schong: all Fouss ( lénks a riëts si sinn oft ënnerschiddlech) muss gutt gehale sinn ouni zerdréckt ze ginn. Huelt Iech beim Kaf Zäit fir Är Schong unzemoossen, am beschte net moies; d’Form vun de Féiss ännert am Laf vum Dag.
- ären Einlagen: dëst ass e wichtege Bestanddeel vun Äre Schong, awer wéineg Schonghiersteller ginn hire Schong gutt Einlagen. Jiddefalls, an ech verheemlechen et net, sinn ech der Meenung, datt all Cyclist, genau esou vill wéi eng Sëtzpositioun op Moos, och Einlagen op Moss soll hunn.
- de Kallen. Jee no dem Modell kënnen se an all Richtung beweegt ginn; wéi vill ass ofhängeg vun der Mark vun de Pedallen a vun de Schong (net all Marken hunn d’Fixationsgewënner op der selwechter Plaz).
- d’Neigung vum Fouss beim op der Pedall. Dovunner a vun der eventueller Korrektur hänkt d’Stabilitéit vum Fouss vun der Pedall of. Een onstabille Fouss ass oft eng Quell vu Verletzungen. Optimisatiounen un dëser Plaz gëtt mat dënne Käiler gemaach, déi ënner de Schong, ënnert d’Einlagen an/oder ënner der Feescht placéiert ginn.
- engem méigleche strukturelle Beelängtenënnerscheed.
- vum Pedall-Typ, déi dem Asazberäich ugepasst soll sinn. Ze vermeiden: Stroosseschong mat MTB Pedallen
- d’Längt vun der Pedallachs. Si muss fir Är Morphologie a Technik adaptéiert sinn.
Hat Dir gemengt, et géif duergoen, op d’Pedallen ze drécken? ????
Bike prescription
Op Lëtzebuergesch kéint een et iwwersetzen: Empfeelung vu Vëloen
Et besteet aus enger Lëscht vu Vëloen, déi zu Ärer Sëtzpositioun passen. Esou eng Lëscht kritt Dir ëmmer nom Bike Sizing, awer net automatesch nom Bike Fitting. Déi Moossen déi sech aus Ärem Fitting erginn, ginn eis un, wéi een Typ vu Geometrie fir Iech ideal wier, eventuell e puer Marken a Modeller déi kéinte passen. Op Ufro kënnen Empfeelunge fir Modeller mat der genauer Gréisst a passende Komponenten an engem zweete Schrëtt gemaach ginn: “Bike prescription”. Deen Service verlaangt Konzentratioun, Recherchen, Berechnungen, Email-Austausch a bestëmmt Kenntnisser, also …. Zäit. Ech hoffen, ech kann op Äert Verständnis zielen, wann Iech dësen Service verrechent gëtt.
D’Informatiounen, déi Dir kritt:
- Mark a Modell,
- Kadergéisst,
- Längt a Wénkel vun der Potence,
- Héicht vun de Spacer ënert der Potence,
- Typ vu Guidon (resp. Aerobars)
- Kuerbellängt
D’Berechnunge baséieren sech op:
- d’Positioun vum Suedel a Guidon a Relatioun mat der Mëtt vum Trietlager fir Stroossevëloen
- d’Positioun vum Suedel an vun den Arm Pads par Rapport zu der Mëtt vum Trietlager fir Triathlon- an Zäitfuervëloen
Ergänzend Informatiounen:
- D’Berechnunge baséieren op exakt Koordinaten, net op Schätzungen. Et sinn d’Koordinaten, déi no Ärem Fitting gemooss gi sinn.
- D‘Komponenten gi fir d’Berechnunge berécksiichtegt, awer d’Wiel vun der Faarf an d’Sich nom präzise Modell deen Ärem Budget entsprécht, gehéiere net zu dëser Déngschleeschtung!
- Ech benotzen se nëmme fir déi nächst Berechnung, wann Dir d’Sëtzpositioun vun Ärem leschte Fitting net ännere wëllt.
- Si méi wéi zwee Joer zanter dem leschte Fitting vergaangen, empfeelen ech Iech e Bike Sizing.
- Erënnert Iech un d’Limitte vum Fitting: Är Sëtzpositioun nom Fitting ass déi bescht, déi Äre Vëlo a seng Komponenten erméiglechen. Idealerweis soll Äre Vëlo Ärer idealer Sëtzpositioun ugepasst sinn. Leider gëtt oft festgestallt, datt et éischter d’Sëtzpositioun ass, déi sech dem Vëlo upasse muss. Aus deem Grond empfeelen ech Iech e Bike Sizing virum Kaf vum neien Dram-Vëlo. De Präis vun esou enger Sëtzung ass lächerlech am Verglach zu de ville Suen, déi verluer si wann een dee falsche Vëlo keeft.
- Wéi mam Sizing, funktionéieren Berechnunge gutt fir Stroosse-, Triathlon- a Zäitfuervëloen, awer manner gutt fir Mountain Bikes.
Ufro fir D’Ausrechne vu Geometrien: w.e.g iwwer de Reservatiounskalenner vun dëser Säit.