Dir hutt op dësem Site net eng Äntwert op all Är Froe fonnt?
Dir kënnt mech roueg kontaktéieren; villäicht fannt Dir ënnert dëse Froen an Äntwerten déi Informatiounen déi Iech gefeelt hunn.
Stellt Dir och d’Kallen an?
Et ass e wichtege Bestanddeel vum Bike-Fitting, souwuel fir d’Kraaftiwwerdoung op d’Pedallen wéi och fir d’Virbeugen vu Iwwerbelaaschtungsproblemer no uewen: Knéien, Hëften, … bis an d’Hänn. E Bike-Fitting ouni Iwwerpréiwung vun der Positioun vun de Kallen ass onvirstellbar. Wiesselt se w.e.g. net fir d’Sëtzung.
D’Kontroll vun der richteger Positioun vun de Kallen ass am Fitting abegraff, gëtt awer als separaten Service ugebueden. An deem Fall géif ech Iech bieden, mat Ärem Vëlo ze kommen, fir datt ech an der Dynamik d’Präzisioun vun der Astellung vun de Kallen kontrolléieren an d’Noutwendegkeet vun eventuellen aneren Upassungen ( Varus, Valgus, Beelängtenënnerscheed, Längt vun de Pedallachsen, ,,,) aschätzen.
Gëtt mäi Vëlo direkt op mech agestallt?
Souwäit wéi Äert Material et erlabt, jo. Mir kënnen eventuell op Grenze stoussen am Fall vun:
- Komponenten, déi net méi zäitgeméiss sinn,
- enger net passender Kadergréisst.
An Fall vun ganz grousse Korrekturen kënne radikal Ännerungen geféierlech sinn; Äre lokomotoresche System soll net iwwerfuerdert ginn an d’Adaptatiounen sollen progressiv sinn, besonnesch wann Dir scho Joeren eng Positioun gewinnt waart.
Gitt Dir mir Recommandatioune fir de Kaf vum nächste Vëlo nom Fitting?
Eng Lëscht vu Vëloen, déi zu Ärer Sëtzpositioun passen, kritt Dir ëmmer nëmmen am Kader vun engem Bike Sizing, awer net nom Bike Fitting. Déi Moossen déi sech aus Ärem Fitting erginn, ginn eis un, wéi een Typ vu Geometrie fir Iech ideal wier, eventuell e puer Marken a Modeller déi kéinte passen.
Op Ufro (iwwert ee neie Kontaktformular, w.e.g.) kënnen Empfeelunge fir Modeller mat der genauer Gréisst a passende Komponenten an engem zweete Schrëtt gemaach ginn: “Bike prescription”. Deen Service verlaangt Konzentratioun, Recherchen, Berechnungen, Email-Austausch a bestëmmt Kenntnisser, also …. Zäit. Ech hoffen, ech kann op Äert Verständnis zielen, wann dësen Service mat 20 € pro Véierel Stonn verrechent gëtt.
Wat méi genee Är Ufro, wat et Iech manner kascht.
- D’Berechnunge baséieren op exakt Koordinaten, net op Schätzungen. Et sinn d’Koordinaten, déi no Ärem Fitting gemooss gi sinn.
- Ech benotzen se nëmme fir déi nächst Berechnung, wann Dir d’Sëtzpositioun vun Ärem leschte Fitting net ännere wëllt.
- Si méi wéi zwee Joer zanter dem leschte Fitting vergaangen, empfeelen ech Iech e Bike Sizing.
- Erënnert Iech un d’Limitte vum Fitting: Är Sëtzpositioun nom Fitting ass déi bescht, déi Äre Vëlo a seng Komponenten erméiglechen. Idealerweis soll Äre Vëlo Ärer idealer Sëtzpositioun ugepasst sinn. Leider gëtt oft festgestallt, datt et éischter d’Sëtzpositioun ass, déi sech dem Vëlo upasse muss. Aus deem Grond empfeelen ech Iech e Bike Sizing virum Kaf vum neien Dram-Vëlo. De Präis vun esou enger Sëtzung ass lächerlech am Verglach zu de ville Suen, déi verluer si wann een dee falsche Vëlo keeft.
Wann eng vun dësen zwou Déngschteeschtungen Iech interesséiert, schéckt mir w.e.g. ee neie Kontaktformular: [maxbutton id=”6″ url=”https://bikefit.lu/lb/kommt-a-kontakt/#:~:text=Merci%20fir%20%C3%84ert%C2%A0Vertrauen” text=”Ech brauch Berodung” ]
Wann Dir awer fir meng Déngschtleeschtung net wëllt bezuelen ass dat fir mech kee Problem. Op dësem Site kënnt Dir Iech villäicht selwer hëllefen; deen Service ass gratis: https://www.velogicfit.com/frame-comparison
Kann ech d’Astellung vun engem Vëlo op deen aneren iwwerdroen?
Jo, awer d’Vëloe mussen identesch sinn. Kopéiert net d’Astellunge vun Ärem Stroossevëlo op e Mountain Bike oder op en Triathlon-Vëlo. Normalerweis funktionéiert et net a wann et iergendwéi awer geet, stellt Dir fest datt et keng gutt Iddi ass.
Wann d’Geometrie an d’Komponente identesch sinn, ass kee Problem. Wann net, ass et villäicht méiglech mat net zevill groussen Differenzen unzepassen. Op alle Fall muss séchergestallt ginn, datt déi néideg Upassungen keen negativen Afloss op d’Sécherheet an op den Handling vum Vëlo hunn.
Mäi Kand fiert aktuell intensiv Vëlo. Lount sech eng Sëtzpositionsanalyse ier en ausgewuess ass?
Op alle Fall! Wat éischter wat besser. Een ze groussen oder ze klenge Vëlo forcéiert Äert Kand seng Positioun un de Vëo unzepassen. Wann Dir dëse Site besicht hutt, hutt Dir verstanen datt net de Cyclist sech sengem Vëlo upasse soll, mä datt säi Vëlo senger optimaler Sëtzpositioun soll ugepasst sinn. Sech enger forcéierter Positioun unzepassen huet als Konsequenzen:
- gesonndheetsschiedlech Adapatiounsmechanismen
- Risiko vun Iwwerbelaaschtungsverletzungen, virun allem Iwwerbelaaschtung vun de Knéien an Deformatioun vun der Wierbelseil
- Kee Komfort, also Verloscht vun der Leeschtung
- Lostverloscht, Demotivatioun
Cyclissem ass e Sport dee kann deier ginn, an all Joer e neie Vëlo kréien kënnt nëmme bei gesponserte Vëlosfuerer gutt un ?. Glécklecherweis ass et méiglech, de Vëlo fir eng gewëssen Zäit mat aktualiséierten Astellunge z’adaptéieren mat eventuellem Wiessel vu Komponenten.
D’Teenager kréien e reduzéierten Tariff proposéiert, … well et wichteg ass !!
Besteet d’Sëtzpositiounsanalyse aus enger eenzeger Sëtzung?
Leider komme vill Cyclisten net op mech zeréck wann hire Vëlo korrekt agestallt ass bis se sech e neie Vëlo kafen. Dobäi sinn ech der Meenung datt eng Sëtzpositionsoptiméierung eréischt den Ufank vun eiser Bezéiung soll sinn. Wann Dir et wëllt.
Éischtens reagéiert all Cyclist anescht op Verännerungen vun der Sëtzpositioun. Dëst ka wärend der Sitzung observéiert ginn, an och wärend de Sortie’en duerno. Obwuel d’Labosbedingungen eng gutt Basis sinn fir Är Positioun z’optimiséieren, ënnerscheede se sech e bësse vun der Realitéit. Dir kënnt Iech op der Strooss oder op am Gelänn anescht spiere wéi wärend den Fitting. Et ass dofir wichteg datt mir déi éischt Wochen no eiser Sëtzung a Kontakt bleiwen.
Duerno ass et och méiglech, datt verschidden Ännerungen méi progressiv musse gemaach ginn. Ech bleiwen zu Ärer Verfügung fir Iech ze beroden.
A Schlussendlech verännert Dir Iech all Dag an och wärend dem Dag. Äre Zoustand wärend der Sitzung ass wahrscheinlech anescht wéi déi Deeg virdrun an anescht wéi déi Deeg duerno. An Dir verännert Iech mat der Zäit. Déi Positioun, an där Dir Iech elo gutt spiert, kann no e puer Joer, heiansdo e puer Méint, ofhängeg vun Ärem Background, net méi passen.
Eng Sëtzpositioun fir d’Liewen? Leider eng Utopie!
Sinn ech berechtegt op eng Remise wann ech vun engem Frënd geschéckt gi sinn, dee scho bei Iech war?
ng Remise ginn géif bedeiten datt de Service de Präis net wäert ass 😉
Ech gi keng Remise, mee op der anerer Säit kritt déi Persoun, déi mech recommandéiert no Ärer Sëtzung ee Geschenkbong als Merci geschéckt . Natierlech profitéiert Dir selwer vun der selwechter Opmierksamkeet 🙂
Stellt Dir all Typ vu Vëlo an?
Jo, ech adaptéieren all Typ vu Vëlo, awer et ass manner néideg fir Downhill, Enduro, Freeride Vëloen. D’Positioun op dëse Vëloen ännert sech konstant jee no Terrain. Eng gutt Basisastellung ass genuch. De Feeling a Stil vum Rider si méi wichteg wéi d’Biomechanik. Natierlech kann eng schlecht Sëtzpositioun och hei Ursaach vu Gelenk- oder Muskeliwwebelaaschtung sinn.
Ech hunn orthopedesch Einlagen a mengen Alldagsschong an a ménge Lafschong. Kann ech se och an menge Vëlosschong benotzen?
Et schwätzt am Prinzip näischt dogéint, awer deemno wat Är Einlage korrigéieren, ass d’Wierkung an de Vëlosschong manner oder null.
Beim Goen oder Lafen rullt Dir de Fouss of. Beim Vëlofueren mat Klickpedallen ännert awer de Fouss d’Positioun op der Pedall net. D’Drockzone bleift de Virfouss, meeschtens mat Pronatioun, Supinatioun a Rotatioun, déi ofhängeg vun de Schong, vum individuellen Beweegungsschema an vun den Astellungen vum Vëlo ass. Wann Är orthopedesch Einlagen Äre Virfouss korrigéieren, kënnen se an de Vëlosschong och sënnvoll sinn; déi wéinegst Einlagen korrigéieren awer nëmmen de Virfouss.
Wann Dir méi Komfort mat enger bessere Stabilitéit vum Fouss an de Vëlosschong wëllt, maachen ech Iech Einlagen op Mooss. De Virdeel ass datt se méi Rendement mat méi Komfort bréngen. De Nodeel ass datt Dir net méi ouni wëllt fueren ?.
Wann Är orthopedesch Einlagen entwéckelt gi sinn fir e Beelängtenënnerscheed auszegläichen mat enger Iwwerhéigung vun enger Feescht, gëtt déi Wierkung an de Vëlosschong verluer well Dir net mat den Talécken op d’Pedallen dréckt. D’Léisung ass entweder eng Plack tëscht der Suel an der Kall ze placéieren oder d’Suel vum Schong iwwer all seng ganz Längt vun engem Schouster méi déck maachen ze loossen. Déi erfuerderlech Déckt hänkt dovunner of den Ënnerscheed vum Schinnebeen oder vum Uewerschenkel kënnt.
Verkaft Dir Vëloen?
Nee, eng Sëtzpositiounanalyse steet net a Verbindung mam Verkaf vu Vëloen. Natierlech hunn ech Komponenten fir Äre Vëlo un Är Positioun unzepassen, awer de Verkaf ass net Zil vum Fitting.
Wann Dir ee Fitting hat, kënne mir d’Punkten zesummen diskutéieren, déi am Fall vun engem Neikaf am Ae ze behale sinn. Wann Dir e Sizing hat an e neie Vëlo wëllt kafen, kucke mir zesummen an all Neutralitéit, wéi eng Modeller fir Iech a Fro kommen. Wann Dir vun engem kompetenten Vëlosgeschäft geschéckt gi sidd, kann eis Kooperatioun nëmme vu Virdeel sinn.