D’Sëtzpositionsanalyse kann an zwou, enk matenaner verbonnene Richtungen ënnerdeelt ginn. Bike Sizing a Bike Fiting: Zënter enger laanger Zäit sinn dës zwee Begrëffer verwiesselt ginn an och elo nach ass et vir vill net kloer. Dat einfachst, fir datt mir iwwer dat selwecht schwätzen, ass et z’erklären, wéi ech dës zwee Begrëffer benotzen.
Fir zesummefaassend unzefänken:
- de Bike Sizing gëtt benotzt wann e neie Vëlo soll kaaft ginn.
- de Bike Fitting gëtt gemaach mat Ärem aktuelle Vëlo.
Wéi Dir verstoe wäert, wann d’Erklärunge kloer genuch sinn, soll e gudde Bike Sizing virum Bike Fitting gemaach ginn.
Zesummegefaasst, fir déi déi presséiert sinn: Bike Sizing ass d’Konscht an d’Wëssenschaft Är ideal Sëtzpositioun ze definéieren fir beim Kaf vun engem neie Vëlo näischt falsch ze maachen. Et ass déi Sëtzpositioun, déi Dir fir eng laang Zäit ouni Leeschtungsverloscht an ouni Péng hale kënnt.
Um Ufank, bestoung de Bike Sizing einfach draus, d’Schrëtthéicht ze moossen fir déi richteg Kadergréisst ze bestëmmen. Et huet sech séier erausgestallt, datt dat déi Miessung net duer geet an héchstens ka benotzt ginn fir eng approximativ Suedelhéicht anzeschätzen. Aner anthropometresch Moosse si spéider dobäi komm, wat logesch ass well d’Längt vun de Been net proportionell zu der Héicht vum Uewerkierper oder zu der Längt vun den Äerm ass. Zwee Faktoren ginn awer weiderhin vernoléissegt: d’Flexibilitéit vum Cyclist a seng Fäegkeet, déi Sëtzpositioun halen ze kënnen, déi sech aus de Resultater vun de Formelen ergëtt.
An der Tëschenzäit huet sech de Bike Sizing staark weiderentwéckelt, en ass dynamesch ginn. D’Instrument wat dozou benotzt gëtt ass e Fit-Bike (oder Size-Bike), deen et erméiglecht, d’Positioun vum Suedel a vum Guidon wärend dem Pedalléieren an all Richtungen z’änneren. De Wiessel vum Suedel, Guidon a Längt vun de Manivellen ass séier, sou datt Dir den Effet gutt spieren a vergläiche kënnt. Ech fuere nom F.I.S.T Protokoll (Fit Institut Slowtwitch) fir Iech duerch e puer Sëtzpositioune reesen ze loosse a schlussendlech bei ärer idealer Sëtzpositioun unzekommen. Et ass déi Sëtzpositioun, déi Ärer Praktik, Ärer Morphologie, Ärer Flexibilitéit – ouni Är méiglech Pathologien a féier Verletzungen äus den Aen ze verléieren – entsprécht.
Maacht kee Feeler wann Dir Äre nei Vëlo kaaft. Zevill oft waren Cycliste bei mir, déi hire Vëlo nom Design oder Faarf kaaft hunn oder Opfer vun aggressivem Marketing oder interessante Promotioune waren. Si hunn sech net gutt drop gefillt an den Vëlo mat Verloscht weiderverkaaft. Net Dir musst Iech Ärem Vëlo upassen, mä ëmgedréint. Dir musst d’Méiglechkeet hunn direkt dee richtege Vëlo ze kafen. Eng mächteg Datebank vu méi wéi 100 Marken an iwwer 10.000 Modeller erlaabt eis, Ären Dram-Vëlo ze fannen. Als Resultat vun dëser Sitzung, kritt Dir eng Lëscht vun den ausgewielte Modeller an hiren Astellungen, sou datt Dir Äre Vëlo direkt mat der richter Längt vu Potence, der néideger Spacerhéicht an perfekt Kuerbellängt kënnt bestellen. Äre Vëloshändler ass Iech dankbar.
D’Grenze vum Bike Sizing:
- D’Astellunge vum Size-Bike kënne vun deene vun Ärem neie Vëlo ofwäichen. D’Komponenten (Suedel, Guidon, Brems/Schalthiewel, Pedallen, …) kënnen anescht sinn. Ideal ass Är Sëtzpositioun mat engem Fitting z’optimiséieren wenn dir e puer Sortie’ë gemaach hutt.
- Et kënne nëmme Marke proposéiert ginn, déi den Stack an de Reach vun hire Kaderen uginn an de Wénkel vu Steier- a Sëtzrouer. Dës Wäerter si fir applizéiert Trigonometrie noutwenneg.
- De Sizing funktionéiert ganz gutt fir Strooss-, Triathlon- an Zäitfuervëloen. Leider trëfft et net op Mountain Bikes oder Touring-Vëloen zou. Firwat? Beim Vergläich vun de Geometrie fält engem déi enorm Variabilitéit vun Steierrouer- a Sëtzrouerwénkel op. Dozou komme verschidde Forme vu Guidon’en déi op Mountain Bikes montéiert sinn, verschidden Asazberäicher an de Mangel un Informatiounen vun der Hiersteller. Et gëtt séier kloer, dass et onméiglech ass, nom Festleeë vun der Sëtzpositioun, eng Lëscht vu passende Vëloen opzestellen. Wann Dir awer ee bestëmmte Modell am Viséier hutt a genuch Informatiounen ze fanne sinn, kënne mir déi méiglech Sëtzpositiounen um Fit-Bike simuléieren.
Kleng Präzisiounen:
- D’Komponenten gi fir d’Berechnunge berécksiichtegt, awer d’Wiel vun der Faarf an d’Sich nom präzise Modell deen Ärem Budget entsprécht, gehéiere net zum Sizing!
- Sollte no méi wéi sechs Méint nom Bike Sizing nei Berechnungen ugefrot ginn, da w.e.g. iwwert een neie Kontaktformular a “Bike prescription” ukräizen.
[maxbutton id=”1″ url=”https://bikefit.lu/lb/kommt-a-kontakt/#:~:text=Merci%20fir%20%C3%84ert%C2%A0Vertrauen” text=”Elo buchen” ]
Theoretesch kéint engem Cyclist vun 1m80 e Kader tëscht 54 a 58 (S-L), jee no Mark, passen. Wéi ass dat méiglech? Aus zwee Grënn:
- Dir hutt et virdru gelies: morphologesch Proportiounen. Ob Dir laang Been an ee kuerzen Uewerkierper hutt oder ëmgedréint kann Iech séier, mat der selwechter Kierpergréisst, op eng aner Kadergréisst orientéieren.
- Dëse nominative Wäert, deen d’Gréisst vum Kader bezeechent, gëtt ofhängeg vun der Mark, ënnerschiddlech, gemooss. Wann Dir d’Geometrië vu verschiddene Marken an déi nominativ Gréisst vun de Kadere vergläicht, fannt Dir eraus datt net all Konstrukteuren d’Héicht an d’ Längt vun hire Kaderen op déi selwecht Manéier moossen. Dëst erkläert, firwat Dir mat engem Vëlo kënnt dostoen, deen ze kleng oder ze grouss ass, wann Dir Är Mark ännert, awer bei Ärem 56 bleift. An der Vergaangenheet war den Uewerrouer vum Kader horizontal an e 56 bei enger Mark war och e 56 bei enger anerer. Mam Optauche vu “sloping” Kaderen, bei deenen den Uewerrouer net méi horizontal war, huet dat geännert. Leider bleift d’Glawen datt d’Kadergréisst ëmmer d’selwecht gemooss gëtt.
Ee vu menge Formateuren, den Dan Empfield, huet 2003 eng nei Nomenclature virgeschloen. Dëst ass deen eenzege richteg Wee fir e Kader ze moossen. Mat Stack a Reach kritt d’Bestëmmung vun der richteger Kadergréisst eng nei Qualitéit. Dës Dimensiounen gi nämlech keng Rouerlängten un, mä Distanzen: Stack (“Bauhéicht”) déi vertikal Distanz tëscht der Mëtt vum Trietlager an der Mëtt Uewerkannt vum Steierrouer, Reach (“Reechwäit”) bestëmmt déi horizontal Distanz tëscht deenen zwee Punkten. Déi meescht Fabrikanten gi mëttlerweil de Stack an de Reach an hire Geometrietabellen un.
Wat ass de Virdeel vun dësen zwee Wäerter?
- Fir de Client: D’Verhältnis Stack/ Reach gëtt en Hiweis op den Typ vum Vëlo. Et geet vu Wäerter ënner 1,4 fir e Course-orientéierte Vëlo bis op Wäerter iwwer 1,5 fir en “Ausdauer”-orientéierte Kader.
- Fir de Fitter: Dës Wäerter si noutwendeg fir dem Cyclist passend Vëloe mat den entspriechende Komponenten uginn ze kënnen.
Wat sech och staark verännert huet, ass d’Villfalt vun de Geometrien. Bal all Hiersteller bitt elo a sengem Katalog Geometrien un, déi vun der Course-Geometrie bis bei Ausdauer Geometrie reechen. Déi Villfalt ass esou grouss, datt mat Ausnam vu ganz groussen oder ganz klenge Cyclisten kee méi e Vëlo op Moos brauch. Op der anerer Säit gëtt et fir Cyclisten, déi empfindlech op d’Reaktivitéit vun hirem Vëlo reagéieren an ë Vëlo wëllen, deen esou gutt ewéi méiglech hirer Praktik, hirem Gewiicht a natierlech hirer Morphologie entsprécht, ganz gutt Handwierker, déi wëssen, d’Eegenschafte vun de Materialien perfekt auszenotzen .
Dir kënnt Äre Vëlo bestellen ouni Är genau Koordinaten zu kennen. Et ass awer riskant, well ëmmer méi heefeg sinn Kabelen am Cockpit integréiert. Stroossevëloen hunn heefeg e Monoblock-Guidon. Et ass unzeroden, nieft den SX- und SY-Koordinaten vum Suedel och HX- an HY-Koordinaten vum Guidon (Reach a Stack vum Guidon) par Rapport zu der Mëtt vum Trietlager ze kennen.
Bei Triathlon- an Zäitfuervëloe seet déi nominativ Kadergréisst net vill iwwer d’Sëtzpositioün aus, déi Dir fuere kënnt. Dir kritt esouguer vu munchen empfuelen, eng Gréisst ënnert Ärem Stroossevëlo ze huelen. Et ass zimlech riskant als Verallgemengerung! Ouni virleefegem Sizing laaft Dir d’Gefor e Vëlo ze kafen, op deem Dir net an Ärer idealer Positioun fuere kënnt.
Virum Kaf vun esou engem Vëlo ass et onbedéngt erfuerderlech, Äre Pad X (Armpad Reach) an de Pad Y (Armpad Stack), d’Koordinate vun den Armpads, zu kennen. Zil vum Sizing besteet draus, déi zu définéieren an doropshin eng Lëscht vu passende Vëlo opzesetzen: “Bike pescription” . Dir hutt agesinn, datt d’Käschte vun esou enger Sëtzung , verglach mat der Sécherheet net de falsche Vëlo ze kafen, minim ass.
Zesummegefaasst fir déi, déi presséiert sinn: de Bike Fitting ass d’Konscht an d’Wëssenschaft, Äre Vëlo a seng Komponenten un Är beschtméiglech Positioun unzepassen, esou wäit wéi Äre Vëlo et erméiglecht.
Am Verglach mam Sizing: d’Philosophie bleift déi selwecht – eng Harmonie tëscht Iech an Ärem Vëlo ze fannen an déi bescht Balance tëscht Leeschtung a Confort. Den Ënnerscheed: Dir kommt mat Ärem Vëlo an déi néideg Upassungen ginn un deem virgeholl. Jee no Besoin ass et net ausgeschloss datt mer och de Fit-Bike benotzen, deen de Virdeel huet, datt e puer Parameteren wéi Kuerbellängt, Suedel, Guidon, Aerobar méi séier wéi op Ärem Vëlo oder geännert oder gewiesselt kënne ginn.
D’Videoanalyse gëtt benotzt:
- fir hir Ënnerstëtzung vum luesen mënschlechen Ae
- fir dat wouvunner mer schwätzen besser ze visualiséieren (Ralenti, Standbild, Wénkelmiessung, …)
- fir d’Ugangspositioun an déi nei Sëtzpositioun besser vergläichen ze kënnen
- Späicheren vun den Dateie fir ee spéidere Gebrauch
Ofhängeg vun der gewielter Formel, erlaben Drocksensoren um Suedel:
- präzis den Drock um Suedel ze lokaliséieren a ze quantifizéieren
- d’Mobilitéit an d’Stabilitéit vum Becken um Suedel z’analyséieren
- anzeschätzen, ob äre Suedel Ärer Morphologie a Praxis ugepasst ass
D’Grenze vum Fitting:
- Äre Vëlo: Wann e gudde Sizing gemaach ginn ass, huet äre Fitting och all Chance fir gutt ze sinn. Vue datt Äre nei Vëlo eventuell aner Komponenten huet (Suedel, Guidon, Schalthiewelen, Aerobaren) wéi déi, déi fir de Sizing benotzt gi sinn, ass e Finetuning mat engem Fitting recommandéiert. Ass kee Sizing gemaach ginn an Äre Vëlo huet net déi passenden Geometrie (Gréisst, Typ), ass et awer méiglech äre Vëlo esou gutt wéi méiglech unzepassen, méiglecherweis duerch déi eng oder aner Komponent. Leider kann eventuell den Handling vum Vëlo drënner leiden.
- Dir: De Vëlo kann op der Plaz ugepasst ginn, heiansdo an e puer Schrëtt. Dir hutt Iech fir e Fitting entscheet well eppes stéiert oder well Iech eppes wéi deet? Et gëtt berécksiichtegt an et gëtt den Dréihpunkt vun Ärer Sëtzung. Ët wier awer onéierlech Iech ze verspriechen, datt de Fitting all Problem léist. Dir musst eventuell un Ärer Flexibilitéit schaffen, speziell Muskelen stäerken, en Dokter oder Therapeut opsichen.
[maxbutton id=”1″ url=”https://bikefit.lu/lb/kommt-a-kontakt/#:~:text=Merci%20fir%20%C3%84ert%C2%A0Vertrauen” text=”Termin buchen” ]