IMPROVING CYCLING
Dir hutt schonn e Vëlo: 3 Fitting-Formelen
Dräi Formele ginn Iech ugebuede fir datt Är Sëtzung äre Bedierfnisser ugepasst ka ginn
Ortho
Dir sicht Confort. Suedeldrockmiessungen erlaben et, exzessiv Drockzonen ze lokaliséieren, hir méiglech Ursaachen erauszefannen an, am Laf vun der Sëtzung, déi méiglechst komfortabel Positioun ze definéieren. An deene meeschte Fäll erméiglechen d’Korrekturen et, dee schiedlechen Drock op d’Schambeen ze reduzéieren, ënnert deem Nerven a Bluttgefäässer lafen, an d’Belaaschtung dohinner z’orientéieren wou se och higehéiert: op d’Sëtzknachen..
Dir hutt ee bessere Rendement am Viséier. De Wee ass de nämmlechten. Ouni Confort trëtt d’Middegkeet fréizäiteg op sou datt de Rendement parallel dozou an de Keller geet. Ofhängeg vun deem wat Dir fuert, Ärer Morphologie, Ären Ambitiounen, … versiche mir dee beschten Kompromëss ze fannen tëschent Confort a Leeschtung.
D’Virbeugen huet fir Iech Prioritéit. Dir wëllt vermeiden datt Är Positioun um Vëlo d’Ursaach gëtt vun Iwwerbelaaschtungverletzungen. D’Kombinatioun vu Videoanalyse an Drockmiessung um Suedel ass eng wäertvoll Hëllef.
Wann Dir Iech aus enger orthopedescher oder neurologescher Ursaach fir eng Sëtzpositiounsanalyse entscheet hutt, ass dës d’Formel déi ech Iech empfeelen.
Inhalt vun der Ortho-Formel:
- Interview, Bilan vun Ären Ambitiounen, Ärer Praktik, Ären Erwaardungen, Äre Beschwierden, … Dës Elementer sinn entscheedend fir de Verlaf vun der Sëtzung.
- Bilan vun Ärer Flexibilitéit a méiglechen Asymmetrien oder spezifesche Muskelschwächten.
- Beobachte vun Ären dynamesche Parameteren wann Dir op Ärem Vëlo fuert.
- Astellung vun de Kallen.
- Miessung vun de wichtege Wénkelen an Visualiséierung vun Ärer Positioun iwwer Videoanalyse.
- Analyse vu Äre Beenachsen.
- Optimal Upassung vun: Suedelhéicht a -Neigung, Suedel-Setback, Distanz Suedel-Guidon, Héichtenënnerscheed Suedel-Guidon, Dréiung vum Guidon a Positioun vun De Schalt-Brems-Hiewelen.
- Visualiséiere vun de Suedeldrockmiessungen
- Optiméiere vun der Suedelpositioun
- Vergläich vun de Videoopnamen a Suedldrockmiessungen virun / no der Optimisatioun
- Méiglechkeet, e Suedel op Mooss ze bestellen
- Méiglechkeet direkt Moosseinlage gemaach ze kréien
- Evt. Tipps (Stretching, Technik, Stabilisatiounsübungen, …)
Basic
D’Basic-Formel ass identesch mat der Ortho-Formel, awer ouni Drockmiessungen um Suedel.
Dës Formel riicht sech u Cyclisten déi keng orthopedesch Problemer hunn a déi keng Problemer hunn déi vum Suedel kéinte kommen. Si riicht sech och un Cyclisten déi manner usprochsvoll sinn wat d’Präzisioun vun hirer Sëtzpositioun ugeet, awer sécher wëlle sinn mat enger richteg agestallter Sëtzpositioun hirer Gesondheet net ze schueden. An dësem Fall mussen déi Cyclisten sech awer bewosst sinn datt eventuell uro-genital Pathologien, déi vum Drock um Suedel verursaacht oder ënnerhale ginn, mat manner Effikassitéit kënnen ugepaakt ginn.
Wann Dir keng Sitzpositiounsanalyse fir orthopädesch oder neurologesch Grënn maacht, a wann Dir mat Ärem Suedel gutt eens gitt, keng Problemer mat de Féiss hutt, dann ass dat d’Formel déi ech Iech géif virschloen.
Inhalt vun der Basic-Formel:
- Interview, Bilan vun Ären Ambitiounen , Ärer Praktik, Ären Erwaardungen, Äre Beschwierden, … Dës Elementer sinn entscheedend fir de Verlaf vun der Sëtzung.
- Bilan vun Ärer Flexibilitéit a méiglechen Asymmetrien oder spezifesche Muskelschwächten.
- Beobachte vun Ären dynameschen Parameteren wann Dir op Ärem Vëlo fuert.
- Astellung vun de Kallen.
- Miessung vun de wichtege Wénkelen an Visualiséierung vun Ärer Positioun iwwer Videoanalyse.
- Analyse vu Äre Beenachsen.
- Optimal Upassung vun: Suedelhéicht a -Neigung, Suedel-Setback, Distanz Suedel-Guidon, Héichtenënnerscheed Suedel-Guidon, Dréiung vum Guidon a Positioun vun De Schalt-Brems-Hiewelen.
- Vergläich vun de Videoopnamen virun / no der Optimisatioun
- Méiglechkeet, op der Plaz, Einlagen op Mooss gemaach ze kréien
- Evt. Tipps (Stretching, Technik, Stabilisatiounsübungen, …)
Ënnerscheet zu der Ortho-Formel:
- Keng Suededrockmiessung, déi et erlabt, d’Drockverdeelung an d’Stabilitéit vum Becken ze vusualiséieren.
Express
Wéi den Numm et scho seet, riicht sech d’Express Formel un d’Cyclisten déi net zevill Zäit hunn. Den Tarif gëtt dofir och esou niddreg gehale wéi méiglech an d’Sëtzung soll net méi wéi 2 Stonne fir e Mountainbike oder e Stroossevëlo ouni Aerobar daueren.
D’Konzept ass dat selwecht wéi fir déi Basis-Formel, mat e puer Ënnerscheeder:
- D’Sëtzung soll maximal zwou Stonnen daueren. Sieft besser pünktlech 😉
- Keng funktionell Tester.
- Dir gutt mat Ärem Suedel eens. Fir déi verspache Maximaldauer anzehalen, si Suedeltester net méiglech.
- Dir hutt keng orthopedesch oder neurologesch Problemer a keng Problemer met de Féiss.
- Dir sidd sécher kee signifikanten Beelängten-Ënnerscheed ze hunn.
- Astellung vun de Kalle nëmmen an zwou Dimensiounen.
- Ech schécken Iech Äre Rapport ouni d’Video-Opnamen. A jiddwer Fall behalen ech Är Donnéeën.
- En Outdoor-Test no den Upassungen ass net méiglech.
Wann Dir Iech fir eng Sitzpositiounsanalyse aus orthopedeschen oder neurologesche Grënn entscheet hutt, ass d’Express-Formel net richteg ubruecht. An dësem Fall recommandéieren ech eng Ortho-Formel.
Inhalt vun der Express-Formel:
- Interview, Bilan vun Ären Ambitiounen , Ärer Praktik, Ären Erwaardungen, Äre Beschwierden, … Dës Elementer sinn entscheedend fir de Verlaf vun der Sëtzung.
- Beobachte vun Ären dynameschen Parameteren wann Dir op Ärem Vëlo fuert.
- Astellung vun de Kallen.
- Miessung vun de wichtege Wénkelen an Visualiséierung vun Ärer Positioun iwwer Videoanalyse.
- Analyse vu Äre Beenachsen.
- Optimal Upassung vun: Suedelhéicht a -Neigung, Suedel-Setback, Distanz Suedel-Guidon, Héichtenënnerscheed Suedel-Guidon, Dréiung vum Guidon a Positioun vun De Schalt-Brems-Hiewelen.
- Vergläich vun de Videoopnamen virun / no der Optimisatioun.
Dir braucht Hëllef fir de Kaf vun engem neie Vëlo: 2 Optiounen
- Dir kommt fir d’éischte Kéier an/oder Dir wëllt eng aner Sëtzpositioun oder en anere Typ vu Vëlo: ech empfeelen en dynameschen Bike-sizing
- Dir sidd scho viru manner wéi 2 Joer vu mir gefitt ginn an Dir wëllt een anere Vëlo, ouni Är Sëtzpositioun z’änneren: Bike-prescription
Notéiert datt dës zwou Déngschtleeschtungen net méiglech si fir e MTB oder en Touring- an Trekkingvëlo, well déi zevill ënnerschiddlech Geometrien a Komponenten d’Ausrechnen onméiglech maachen.
Bike Sizing
Zesummegefaasst, fir déi déi presséiert sinn: Bike Sizing ass d’Konscht an d’Wëssenschaft Är ideal Sëtzpositioun ze definéieren fir beim Kaf vun engem neie Vëlo näischt falsch ze maachen. Et ass déi Sëtzpositioun, déi Dir fir eng laang Zäit ouni Leeschtungsverloscht an ouni Péng hale kënnt.
Um Ufank, bestoung de Bike Sizing einfach draus, d’Schrëtthéicht ze moossen fir déi richteg Kadergréisst ze bestëmmen. Et huet sech séier erausgestallt, datt dat déi Miessung net duer geet an héchstens ka benotzt ginn fir eng approximativ Suedelhéicht anzeschätzen. Aner anthropometresch Moosse si spéider dobäi komm, wat logesch ass well d’Längt vun de Been net proportionell zu der Héicht vum Uewerkierper oder zu der Längt vun den Äerm ass. Zwee Faktoren ginn awer weiderhin vernoléissegt: d’Flexibilitéit vum Cyclist a seng Fäegkeet, déi Sëtzpositioun halen ze kënnen, déi sech aus de Resultater vun de Formelen ergëtt.
An der Tëschenzäit huet sech de Bike Sizing staark weiderentwéckelt, en ass dynamesch ginn. D’Instrument wat dozou benotzt gëtt ass e Fit-Bike (oder Size-Bike), deen et erméiglecht, d’Positioun vum Suedel a vum Guidon wärend dem Pedalléieren an all Richtungen z’änneren. De Wiessel vum Suedel, Guidon a Längt vun de Manivellen ass séier, sou datt Dir den Effet gutt spieren a vergläiche kënnt. Ech fuere nom F.I.S.T Protokoll (Fit Institut Slowtwitch) fir Iech duerch e puer Sëtzpositioune reesen ze loosse a schlussendlech bei ärer idealer Sëtzpositioun unzekommen. Et ass déi Sëtzpositioun, déi Ärer Praktik, Ärer Morphologie, Ärer Flexibilitéit – ouni Är méiglech Pathologien a féier Verletzungen äus den Aen ze verléieren – entsprécht.
Maacht kee Feeler wann Dir Äre nei Vëlo kaaft. Zevill oft waren Cycliste bei mir, déi hire Vëlo nom Design oder Faarf kaaft hunn oder Opfer vun aggressivem Marketing oder interessante Promotioune waren. Si hunn sech net gutt drop gefillt an den Vëlo mat Verloscht weiderverkaaft. Net Dir musst Iech Ärem Vëlo upassen, mä ëmgedréint. Dir musst d’Méiglechkeet hunn direkt dee richtege Vëlo ze kafen. Eng mächteg Datebank vu méi wéi 100 Marken an iwwer 10.000 Modeller erlaabt eis, Ären Dram-Vëlo ze fannen. Als Resultat vun dëser Sitzung, kritt Dir eng Lëscht vun den ausgewielte Modeller an hiren Astellungen, sou datt Dir Äre Vëlo direkt mat der richter Längt vu Potence, der néideger Spacerhéicht an perfekt Kuerbellängt kënnt bestellen. Äre Vëloshändler ass Iech dankbar.
D’Grenze vum Bike Sizing:
- D’Astellunge vum Size-Bike kënne vun deene vun Ärem neie Vëlo ofwäichen. D’Komponenten (Suedel, Guidon, Brems/Schalthiewel, Pedallen, …) kënnen anescht sinn. Ideal ass Är Sëtzpositioun mat engem Fitting z’optimiséieren wenn dir e puer Sortie’ë gemaach hutt.
- Et kënne nëmme Marke proposéiert ginn, déi den Stack an de Reach vun hire Kaderen uginn an de Wénkel vu Steier- a Sëtzrouer. Dës Wäerter si fir applizéiert Trigonometrie noutwenneg.
- De Sizing funktionéiert ganz gutt fir Strooss-, Triathlon- an Zäitfuervëloen. Leider trëfft et net op Mountain Bikes oder Touring-Vëloen zou. Firwat? Beim Vergläich vun de Geometrie fält engem déi enorm Variabilitéit vun Steierrouer- a Sëtzrouerwénkel op. Dozou komme verschidde Forme vu Guidon’en déi op Mountain Bikes montéiert sinn, verschidden Asazberäicher an de Mangel un Informatiounen vun der Hiersteller. Et gëtt séier kloer, dass et onméiglech ass, nom Festleeë vun der Sëtzpositioun, eng Lëscht vu passende Vëloen opzestellen. Wann Dir awer ee bestëmmte Modell am Viséier hutt a genuch Informatiounen ze fanne sinn, kënne mir déi méiglech Sëtzpositiounen um Fit-Bike simuléieren.
Kleng Präzisiounen:
- D’Komponenten gi fir d’Berechnunge berécksiichtegt, awer d’Wiel vun der Faarf an d’Sich nom präzise Modell deen Ärem Budget entsprécht, gehéiere net zum Sizing!
- Sollte no méi wéi sechs Méint nom Bike Sizing nei Berechnungen ugefrot ginn, da w.e.g. iwwert een neie Kontaktformular a “Bike prescription” ukräizen.
Bike prescription
Op Lëtzebuergesch kéint een et iwwersetzen: Empfeelung vu Vëloen
Et besteet aus enger Lëscht vu Vëloen, déi zu Ärer Sëtzpositioun passen. Esou eng Lëscht kritt Dir ëmmer nom Bike Sizing, awer net automatesch nom Bike Fitting. Déi Moossen déi sech aus Ärem Fitting erginn, ginn eis un, wéi een Typ vu Geometrie fir Iech ideal wier, eventuell e puer Marken a Modeller déi kéinte passen. Op Ufro kënnen Empfeelunge fir Modeller mat der genauer Gréisst a passende Komponenten an engem zweete Schrëtt gemaach ginn: “Bike prescription”. Deen Service verlaangt Konzentratioun, Recherchen, Berechnungen, Email-Austausch a bestëmmt Kenntnisser, also …. Zäit. Ech hoffen, ech kann op Äert Verständnis zielen, wann Iech dësen Service verrechent gëtt.
D’Informatiounen, déi Dir kritt:
- Mark a Modell,
- Kadergéisst,
- Längt a Wénkel vun der Potence,
- Héicht vun de Spacer ënert der Potence,
- Typ vu Guidon (resp. Aerobars)
- Kuerbellängt
D’Berechnunge baséieren sech op:
- d’Positioun vum Suedel a Guidon a Relatioun mat der Mëtt vum Trietlager fir Stroossevëloen
- d’Positioun vum Suedel an vun den Arm Pads par Rapport zu der Mëtt vum Trietlager fir Triathlon- an Zäitfuervëloen
Ergänzend Informatiounen:
- D’Berechnunge baséieren op exakt Koordinaten, net op Schätzungen. Et sinn d’Koordinaten, déi no Ärem Fitting gemooss gi sinn.
- D‘Komponenten gi fir d’Berechnunge berécksiichtegt, awer d’Wiel vun der Faarf an d’Sich nom präzise Modell deen Ärem Budget entsprécht, gehéiere net zu dëser Déngschleeschtung!
- Ech benotzen se nëmme fir déi nächst Berechnung, wann Dir d’Sëtzpositioun vun Ärem leschte Fitting net ännere wëllt.
- Si méi wéi zwee Joer zanter dem leschte Fitting vergaangen, empfeelen ech Iech e Bike Sizing.
- Erënnert Iech un d’Limitte vum Fitting: Är Sëtzpositioun nom Fitting ass déi bescht, déi Äre Vëlo a seng Komponenten erméiglechen. Idealerweis soll Äre Vëlo Ärer idealer Sëtzpositioun ugepasst sinn. Leider gëtt oft festgestallt, datt et éischter d’Sëtzpositioun ass, déi sech dem Vëlo upasse muss. Aus deem Grond empfeelen ech Iech e Bike Sizing virum Kaf vum neien Dram-Vëlo. De Präis vun esou enger Sëtzung ass lächerlech am Verglach zu de ville Suen, déi verluer si wann een dee falsche Vëlo keeft.
- Wéi mam Sizing, funktionéieren Berechnunge gutt fir Stroosse-, Triathlon- a Zäitfuervëloen, awer manner gutt fir Mountain Bikes.
Ufro fir D’Ausrechne vu Geometrien: w.e.g iwwer de Reservatiounskalenner vun dëser Säit.
Rentabiliséirt maximal Är Sëtzung:
Einlagen op Mooss
Vill schéngen se ze vergiessen oder ze vernoléissegen obwuel duerch si d’Leeschtung op d’Pedallen iwwerdroe gëtt, …oder eben verluer gëtt: d’Féiss
Gutt Einlagen droe signifikativ zum Komfort an zur Leeschtung bäi, wann se dem Foussgewölb genuch Ënnerstëtzung bidden, besonnesch wann d’Sortie’en e puer Stonnen daueren. Feelt dëse Support, ermidd d’Stützmuskulatur am Fouss méi séier, wat sech da meeschtens als Brennen ënnert dem Fouss bemierkbar mécht. Wann d’Foussgewölb asackt, geet de Knéi no, an déi zousätzlech Aarbecht fir de Knéi an de Fouss ze stabiliséieren, beanträchtegt d’Leeschtung an d’Belaaschtung vum Knéi hëlt mat der Ermiddung vun der Muskulatur zou.
Am Allgemenge ginn esouguer déi deierst Vëlosschong mat ze flaache Suele verkaaft, déi beschtefalls eng liicht Ënnerstëtzung vum Foussgewölb bidden. Dës Einlage sinn an der Reegel séier z’ersetzen. Firwat? Jiddwereen ass anescht a keen ass symetresch. All Féiss si verschidden a jiddwereen huet ee Fouss anescht wéi deen aneren. All Cyclist brauch dohier Einlagen, déi senge Féiss ugepasst sinn. Wann ee bedenkt, wéi oft een an enger Minutt op d’Pedall dréckt, mam Fouss ëmmer op der nämmlechter Plaz op der Pedall a mat enger relativ klenger Kontaktfläch, versteet een, wéi wichteg et ass, de Féiss eng gutt Stabilitéit an eng besser Verdeelung vun der Oplagfläch ze ginn.
Et ass dat, wat Iech Einlagen op Mooss bidden. No enger Ënnersichung vun Äre Féiss leien se op Silikon-Këssen, fir eng 3D-Form vun Äre Féiss ze reproduzéieren. An dës Form ginn da platt Suele geluecht, déi virdrun erhëtzt goufen a sech dann der Form vun de Këssen unzepassen, also Äre Féiss. Wärend der Ofkill-Phase vun der Suelen stitt Dir an der Form an op Äre Suelen. Nom Opkille ginn se nach Äre Schong ugepasst. Si si prinzipiell asazbereet, awer ech iwwerpréiwe léiwer, d’Positioun vun Äre Kallen, ier Dir op Äre Vëlo klammt, dee schonn um Rouleau steet.
Dofir bieden ech Iech, mat Ärem Vëlo ze kommen; Dir sollt beim Pedalléieren spieren, ob d’Einlagen eng weider Upassung erfuerderen. Nëmme wann ech Iech gesi pedalléieren, kann ech d’Noutwendegkeet vu weideren Upassungen aschätzen.
Dës Einlagen hunn nëmmen ee grousse Nodeel: wann een der haat, wëllt ee net méi drop verzichten 😉
D’Einlage kaschten 159 €, wann se an enger isoléierter Sëtzung gemaach ginn, a 106 €, wann se am Kader vun Ärem Fitting gemaach ginn.