Club- / Gruppepräisser

Villäicht kënnt Dir vun engem spezielle Präis profitéieren:

Club- / Gruppentarif:

  • 5 oder méi Memberen: -15% op den Ortho- a Basic-Formelen an um Bike Sizing, -5% op der Express-Formel.
  • 10 oder méi Memberen: -20% op den Ortho- a Basic-Formelen an um Bike Sizing, -10% op der Express-Formel.

Esou gi mir am beschte vir:

  • En Organisateur sammelt d’Aschreiwungen a 50 Euro Akkont pro Member a reecht eng Lëscht vun de Memberen eran.
  • Den Organisateur gëtt fir seng Aarbecht belount a kritt eng duebel Remise.
  • D’Memberen maachen individuell e Rendezvous aus. Den Organisateur huet schonns genuch geschafft.

 

Nach ze wëssen:

  • De Rabatt kann eréischt accordéiert gi wann den Akonnt iwwerwisen ass an all Member ugemellt ass.
  • Reduktioune kënnen net kombinéiert ginn mam scho ganz virdeelhaften Teenager-Tarife oder mat de Sponsoring-Geschenkbongen.