Dir hutt Iech fir meng Déngschtleeschtung entscheet?
Merci fir Äert Vertrauen. Huelt Iech w.e.g. eng-zwou Minutten Zäit fir Är Sëtzung optimal ze plangen. Ech freeë mech schonn drop mat Iech kënnen zesummenzeschaffen.
Heefeg gestallte Froe virun der Sëtzung
Wat soll ech fir d’Sëtzung matbréngen?
- Fir all Formel an esou laang wéi de covid-19 eng Gefor ass: Är Mask ?
- Fir e Fitting, Astellung vun de Kallen oder Einlagen op Mooss: Äre Vëlo ( passabel propper 🙂 ), Pneu’en opgepompelt). D’Analyse ass dynamesch; D’Miessungen (Videoanalyse, Suedeldrockmiessung), Observatioun vun der Pedalléieren geschéien iwwert dem Pedalléieren op Ärem Vëlo.
- Fir en Triathlon- oder Zäitfuervëlo: Bréngt w.e.g. de ganzen Kit mat (inkl. Spacers). Besonnesch wann et een Okkasiounsvëlo ass, solls Dir Iech vergewësseren, datt Dir alles kritt hutt fir de Cockpit anzestellen.
- All Formel: Är Vëlosschong. D’Astelle vun de Kallen ass ee wichtege Bestanddeel vum Fitting. Fuschnei Kalle liwwere keng Informatioun; wiesselt se w.e.g. net fir d’Sëtzung. Natiirlech, wann se zevill ofgenotzt sinn, wäert ech se ersetzen, awer nëmmen nodeems ech déi al gesinn hunn (op de Schong!). Kräizt w.e.g. am Formular un, wann een zweet Puer Kallen ze kontrolléieren/anzestelle ass.
- All Formel: Är Vëlostenue, idealerweis kuerz. Baggy Shorts sinn net ideal an Jeans-Boxen net ubruecht.
- Formelen Ortho a Basic: Eventuell laangt Gezei, wann et frësch dobaussen ass. No den Astellunge schloen ech Iech eng kleng Testfaart fir, wann d’Wieder net ze schlecht ass. D’Gefill op der Strooss ass net wéi am Labo.
- Fitting: Ären Kompetitiounshelm, wann Dir mat engem Triathlon- oder Zäitfuervëlo kommt. Den Helm gëtt och recommandéiert fir d’Testfaart.
- Formelen Ortho a Basic: Medezinesch Berichter oder radiologesch Bilan’en wann orthopedesch oder neurologesch Suergen Iech de Genoss vum Vëlofueren verdierwen.
- All Formel. Dir hutt d’Méiglechkeet no der Sëtzung an d’Dusch ze sprangen. Dir wësst schonn wat Dir bräucht.
- Zäit; d’Sëtzung dauert tëschent 3 a 5 Stonnen, ofhängeg vun der Formel a vum Vëlo. A kleng Modifikatiounen kënnen oft méi Zäit an Usproch huele wéi virgesinn.
LIEST W.E.G. DES LËSCHT NACH ENG KÉIER DEN DAG VIRUN DER SËTZUNG DUERCH 😉
Covid-19: Besonnesch sanitär Moossnamen?
Update 14.03.2002
Vue datt mir an enkem Kontakt wäerte sinn, ass et fir Iech a fir mech wichteg e minimale Risiko vun enger Virusinfektioun anzegoen. Ech hoffe mat dëse Mesuren op Äert Verständnis kënne ze zielen:
- Kommt w.e.g. eleng.
- Kee CovidCeck méi. Et ass Iech fräi iwwerlooss, eng Mask ze droen. Wann Dir eng unhutt, dinn ech och eng un.
- Dir kënnt zu all Moment Är Hänn desinfizéieren.
- De Raum, all Uewerflächen a Géigestänn mat deenen Dir a Kontakt komme kënnt, sinn desinfizéiert. D’Geschier, mat deem ech schaffen, ass et och.
- D’Deeler vun Ärem Vëlo, mat deene mir a Kontakt kommen, gi virun an no der Sëtzung desinfizéiert.
- Et ass schwiereg permanent zwee Meter Ofstand anzehalen, mir maachen awer eist Bescht fir op Distanz ze bleiwen.
- Wann Dir Kommentaren oder Froen zu dësen Moossnamen hutt, sinn se virun Ärer Sëtzung wëllkomm.
- Bis dohinner: bleift gesond.
Stellt Dir och d’Kallen an?
Et ass e wichtege Bestanddeel vum Bike-Fitting, souwuel fir d’Kraaftiwwerdoung op d’Pedallen wéi och fir d’Virbeugen vu Iwwerbelaaschtungsproblemer no uewen: Knéien, Hëften, … bis an d’Hänn. E Bike-Fitting ouni Iwwerpréiwung vun der Positioun vun de Kallen ass onvirstellbar. Wiesselt se w.e.g. net fir d’Sëtzung.
D’Kontroll vun der richteger Positioun vun de Kallen ass am Fitting abegraff, gëtt awer als separaten Service ugebueden. An deem Fall géif ech Iech bieden, mat Ärem Vëlo ze kommen, fir datt ech an der Dynamik d’Präzisioun vun der Astellung vun de Kallen kontrolléieren an d’Noutwendegkeet vun eventuellen aneren Upassungen ( Varus, Valgus, Beelängtenënnerscheed, Längt vun de Pedallachsen, ,,,) aschätzen.
Gëtt mäi Vëlo fäerdeg agestallt?
Prinzipiell jo, wann Äre Kader net vill ze kleng oder vill ze grouss ass.
Ech stockéire Komponenten (Potencen, Guidon’en, Aerobars, Suedelen, Pedallen, Kallen …), déi néideg sinn fir Är optimal Positioun anzestellen. Si ginn direkt op der Plaz montéiert. Wann awer d’Marken, mat deenen ech schaffen, Iech net gefalen, kënnt Dir mat den Informatiounen déi ech Iech matginn, Är Komponeten selwer eraussichen a montéieren.
Kréien ech no der Sëtzung eppes mat?
Äre Vëlo a Setup gi virun a no den Astellunge gemooss. Dir kritt e Fit-Bericht gemailt (oder gedréckt wann Dir et léiwer hutt), mat de Videosequenzen vu virun an no de Modifkatiounen (ausser Express-Formel).
Är Donnéeën ginn ëmmer gespäichert. Wann Dir se verléiert, kënnt Dir mech gäre kontaktéieren.
Gitt Dir mir Recommandatioune fir de Kaf vum nächste Vëlo nom Fitting?
Eng Lëscht vu Vëloen, déi zu Ärer Sëtzpositioun passen, kritt Dir ëmmer nëmmen am Kader vun engem Bike Sizing, awer net nom Bike Fitting. Déi Moossen déi sech aus Ärem Fitting erginn, ginn eis un, wéi een Typ vu Geometrie fir Iech ideal wier, eventuell e puer Marken a Modeller déi kéinte passen.
Op Ufro (iwwert ee neie Kontaktformular, w.e.g.) kënnen Empfeelunge fir Modeller mat der genauer Gréisst a passende Komponenten an engem zweete Schrëtt gemaach ginn: “Bike prescription”. Deen Service verlaangt Konzentratioun, Recherchen, Berechnungen, Email-Austausch a bestëmmt Kenntnisser, also …. Zäit. Ech hoffen, ech kann op Äert Verständnis zielen, wann dësen Service mat 20 € pro Véierel Stonn verrechent gëtt.
Wat méi genee Är Ufro, wat et Iech manner kascht.
- D’Berechnunge baséieren op exakt Koordinaten, net op Schätzungen. Et sinn d’Koordinaten, déi no Ärem Fitting gemooss gi sinn.
- Ech benotzen se nëmme fir déi nächst Berechnung, wann Dir d’Sëtzpositioun vun Ärem leschte Fitting net ännere wëllt.
- Si méi wéi zwee Joer zanter dem leschte Fitting vergaangen, empfeelen ech Iech e Bike Sizing.
- Erënnert Iech un d’Limitte vum Fitting: Är Sëtzpositioun nom Fitting ass déi bescht, déi Äre Vëlo a seng Komponenten erméiglechen. Idealerweis soll Äre Vëlo Ärer idealer Sëtzpositioun ugepasst sinn. Leider gëtt oft festgestallt, datt et éischter d’Sëtzpositioun ass, déi sech dem Vëlo upasse muss. Aus deem Grond empfeelen ech Iech e Bike Sizing virum Kaf vum neien Dram-Vëlo. De Präis vun esou enger Sëtzung ass lächerlech am Verglach zu de ville Suen, déi verluer si wann een dee falsche Vëlo keeft.
Wann eng vun dësen zwou Déngschteeschtungen Iech interesséiert, schéckt mir w.e.g. ee neie Kontaktformular: Ech brauch Berodung
Wann Dir awer fir meng Déngschtleeschtung net wëllt bezuelen ass dat fir mech kee Problem. Op dësem Site kënnt Dir Iech villäicht selwer hëllefen; deen Service ass gratis: https://www.velogicfit.com/frame-comparison
Wéi kann ech bezuelen?
Fir eng Express-Formel: nëmme boer.
Fir déi aner Formelen:
- Boer
- Kreditkaarten: Visa, Maestro, V Pay, Bancontact (keen Amex oder Mastercard)
- payconic
Dir braucht zousätzlech Informatiounen?
Hutt Dir op dëser Homepage Informatioune vermësst? Fëllt w.e.g. dëse klenge Formulaire aus.