Sportleche Background a wéi ech Bike-Fitter gi sinn.
Stroossefuerer, Mountain- a Gravelbiker. Zënter datt mäi Grousspapp mech am Alter vun zéng Joer mir de Vëlossport virgestallt huet, huet meng Leidenschaft ni gelidden, trotz e puer ongewollten Ënnerbriechungen. No e puer Accidenter, déi hir Zeeche bei mir hannerlooss hunn, hunn ech meng Sëtzpositioun missen upassen an hunn ugefaangen déi Cyclisten, mat deenen ech gefuer sinn, méi genau ze beobachten. Ech war iwwerrascht festzestellen, wéi vill Cyclisten e Vëlo oder eng Sëtzpositioun hunn, déi net passe kënnen. Ech konnt mir gutt virstellen, firwat se net bequem fuere konnten a war dat fir negativ Auswierkungen op hier Gesondheet konnt hunn..
Als Vëlosfuerer a Sportskinesitherapeut hat ech vill Cyclisten a Behandlung a war oft frustréiert duerch de Mangel u Resultater vun der Méi, déi ech mir ëmmer ginn hunn, méiglecherweis wéinst dee “missing link”. Wien hëlt scho säi Vëlo mat bei säin Dokter oder Therapeut?
Beruflech Karriär
- 1991: Lizenz an der Kinesitherapie a Rehabilitatioun.
- 1992: Speziallizenz an der Kinesitherapie a Revalidatioun am Sport.
- 2012: Aféierung vun der dynamescher Sëtzpositiounsanalyse a meng Praxis.
- 2014: Schluss vu mengen Aktivitéiten als Kiné fir mech 100% der Biomechanik am Vëlossport ze widmen.
Meng Karriär als Bike-Fitter
Fir menge Client’en dee beschtméiglechen Service ze bidden, sinn ech méi op der Sich no neiem Wëssen an neie Kontakter wéi no der aktuellster Technologie déi an d’Ae stécht . Ech gleewen un dat, wat ech et maachen a well ech mech dofir asetzen, datt streng Kritren erfëllt musse ginn fir sech kënnen als Bike-Fitter ze bezeechnen, sinn ech Member vun der IBFI, als regionale Vertrieder fir Lëtzebuerg, Belsch a Frankräich.
Meng Formatiounen als Bike-Fitter:
- 25.01 & 26.01.2012: 1st ICS International Cyclefit Symposium (London – U.K.)
- 24.02 – 26.02.2013: 2nd ICS International Cyclefit Symposium (London – U.K.)
- 11.11 & 12.11.2013: 1st ISCO – International Symposium on Cycling Optimization (Münster – Däitschland)
- 14.01 & 15.01.2014: ISCO Fit School Level 2: Force analysis, biomechanics 2, pedal-foot contact, physiology (Münster – Däitschland)
- 13.02 & 14.02.2014: 3rd International ICS Cyclefit Symposium (London – U.K.)
- 01 & 02.07.2015: “Science & Cycling” Symposium (Utrecht – Holland)
- 09.11 & 10.11.2015: 2nd ISCO – International Symposium on Cycling Optimization (Münster – Däitschland)
- 15.06 & 16.06.2016: Body positioning and Foot correction (Tony Corke / Einhoven – Niederlande)
- 28.06.2016: Masterclass “Technology in Cycling Science” (Schade, Fonda, Kraus / Caen – Frankräich)
- 29 & 30.06.2016: “Science & Cycling” Symposium (Caen – Frankreich)
- 01.07.2016: Masterclass “Science of cycling injury prevention” (Paul Visentiny / Caen – Frankräich)
- 14.11 & 15.11.2016: ICS 4th International Cyclefit Symposium (Manchester – U.K.)
- 30.01 – 03.02.2017: Training F.I.S.T. – Slowtwitch (Dan Empfield / Los Angeles – USA)
- 27.06.2017: Masterclass “Aerodymanics & Position Stability” (Daniel Schade & Björn Geesmann / Velodrome Büttgen – Däitschland)
- 28 & 29.06.2017: “Science & Cycling” Symposium (Düsseldorf – Däitschland)
- 30.06.2017: Masterclass “Identification and treatment of cyclist disorders” (Curtis Cramblett / Düsseldorf – Däitschland)
- 16 & 17.04.2018: “Biomechanics of Cycling” mat Schwéirpunkt op der Fuß-Biomechanik (Jean-Luc de Meyer / Bike Experience – Belsch)
- 03.07.2018: Masterclass “Lower Quarter Disorders – Evaluation and interventions on and off the bike” (Curtis Cramblett / Nantes – Frankräich)
- 04.07 & 05.07.2018: “Science & Cycling” Symposium (Nantes – Frankräich)
- 06.07.2018: Masterclass “Integration of multiple evidence based tools, techniques and systems in coherent and objective assessment of bike fit” (Jeroen Swart / Nantes – Frankräich)
- 02.11 & 03.11.2018: 3rd ISCO – International Symposium on Cycling Optimization (Münster – Däitschland)
- 07.11 & 08.11.2018: Aero Consulting Level Pro (Tony Corke, Bike Valley – Belsch)
- 03.06.2019: Off-road specific positioning (Tony Corke, Bike Valley – Belsch)
- 04.06.2019: Custom frame design / bikecad (Tony Corke, Bike Valley – Belsch)
- 03 & 04.07.2019: “Science & Cycling” Symposium (Bréissel – Belsch)
- 05.07.2019 Masterclass “Cycling lower extremity biomechanics and foot pedal interface optimization” (Paraic McGlynn, Bréissel – Belsch)
- 25 & 26.11.2019: Applied kinesiology in bikefitting (Stephan de Schutter, Antwerpen – Belsch)
- 2020: Duerch d’Pandemie konnte keng Formatiounen oder Kogresser stattfannen. Déi hunn ech duerch e Koup Webinaren a Litteratur ersat.
- 22.09 & 23.09.2021: “Science & Cycling” Symposium (Leuven – Belsch)
- 27.06.2022: Masterclass “Before the bike: understanding inidividual biomechanics” (Wendy Schroder- Holliday Kopenhagen – Dänemark)
- 28 & 29.06.2022: “Science & Cycling” Symposium (Kopenhagen – Dänemark)
International Bike Fitting Institute (IBFI) ass eng international Organisatioun déi e weltwäite Standard fir d’Sëtzpositiouns-Optiméierung entwéckelt.
Mat engem international unerkannten Akkreditatiounssystem bitt d’ IBFI Protektioun fir geschoult Bike Fitter an hëlleft de Cyclisten op d’Fäegkeeten a Kenntnisser vu geschoulte Bike Fitter zeréckzegräiffen.
Déi fräiwëlleg Organisatioun ass vun e puer vun de weltwäite Top-Bike-Fitter an Expert’en an der Biomechanik superviséiert, a gëtt ënnerstëtzt vun zoustännegen Organisatiounen an Enseignant’en am Gebitt vum Bike Fitting.