IMPROVING CYCLING

En Triathlet ass keen Cyclist an Triathlonvëloe sinn a ville Fäll Derivate vun Zäitfuervëloen ginn wéinst de strikten UCI Reglementer. En Triathlonvëlo sollt also keen Zäitfuervëlo sinn, bei deem vill Upassunge gemaach musse ginn fir engem Coureur oder senger Leeschtung gerecht ze ginn. Awer genau dat bis elo ass geschitt an dofir huet den Triathlon sech kaum weiderentwéckelt. Leider ass d ‘”Upassung” en Deel vum Bike-Fitting, well vill Cyclisten eréischt de Fitter besichen nodeems se hire Vëlo kaaft hunn an trotz eventuell falschem Vëlo eng perfekt Positioun erwaarden. Dëst stellt dem Fitter grouss Erausfuerderung an heiansdo bedeit et Frustratioun fir den Cyclist. Dir hutt et erfaasst; et sollt ëmgedréint geduecht ginn: en dynamesch Bike-Sizing soll geplangt sinn ier de Vëlo bestallt gëtt fir sécher ze sinn datt den Cyclist seng Kilometer op deem Vëlo genéisst deen am Beschten senge Besoin‘en entsprécht.

Wéi virdru scho gesot, en Triathlet ass keen Cyclist a brauch en anere Vëlo. E puer Hiersteller verstinn dësen Ënnerscheed an hu sech viru kuerzem vun den UCI Reglementer distanzéiert. E grousse Schrëtt no vir! Awer nach ëmmer net grouss genuch. No der Gréisst kann den Triathlet e Choix vu verschiddenen Triathlon-Vëloen hunn, déi dann (heiansdo ongeféier) un sengen Fit-Koordinaten ugepasst musse ginn. Awer op d’mannst wann de Fitter eng gutt Aarbecht geleescht huet, kann den Triathlet sécher sinn déi richteg Kadergréisst mat de richtege Komponenten ze bestellen.

Eng Mark traut sech e grousse Schrëtt méi wäit ze goen: Kú Cycle. Wéi grouss? Si bauen en Athlet-spezifesche Vëlo ënner all Triathlet, baséiert op dem Rezept vum Fitter. Si erstriewen dee perfekte Mariagetëscht Kierper a Maschinn. A wéi eng Maschinn: den TF1 !

Wat ënnerscheet den Kú TF1 vun allen aneren Triathlon-Vëloen?

  • En ass Athlet spezifesch, gebaut fir nëmme fir een Athlet bestallt ze ginn.
  • E kann nëmme kaaft ginn no engem minutiéisem Bike-Sizing duerch ee vu Kú Cycle autoriséierte Bike-Fitter.
  • En ass séier, richteg séier. Firwat? Kuckt Iech dës kuerz Video mam Formel 1 Ingenieur, Richard Mc Ainsh, un.
  • D’Faarfschema ka personaliséiert ginn.
  • En huet déi kompaktst Pakgréisst. Déi viischt Gafel an de Cockpit kënne ganz einfach vum Kader getrennt ginn fir als zweet Valise ze fléien.

Dëst sinn nëmmen e puer Punkten déi Kú Cycle an hiren TF1 charakteriséieren. Ech invitéieren Iech d’Revolutioun op hirer Websäit z’entdecken. Staunt a genéisst d’Entdeckung

Loading…

Den TF1 begeeschtert Iech schonn?

Dir kënnt mech elo gäre kontaktéieren fir e Rendezvous fir en dynameschen Bike-Sizing, den éischte entscheedende Schratt a Richtung ÄRE nächsten Tri-Vëlo. Iwwert e bestëmmte Protokoll wäerte mir Är optimal Positioun ermëttelen. Et ass déi déi als Basis fir de Bau vun Ärem TF1 wäert déngen.

Schreiwt w.e.g. déi véier Buchstawen/Zifferen an d'Feld