Ech hu laang gezéckt, ier ech och Schong nieft Sëtzpositiounsoptiméierung ugebueden hunn. Ech hu gemengt datt meng Clienten net nach zousätzlech nieft dem Fitting wéilten investéieren. Déi zuelräich Feedbacken a positiven Erfarungen, déi ech zënter datt ech mat Lake-Schong schaffen, gesammelt hunn, weise mir datt et e Feeler war esou laang ze waarden.

Schliisslech drécke mir eis mat eise Féiss no vir. Dëst gëllt och fir vill Sportaarten, awer wat anescht ass beim Vëlofueren anescht ass, ass datt de Belaaschtungsmuster bei all Drock op d’Pedall identesch ass. A wann d’Schnëttstell Fouss-Pedall net optimal ass, sinn d’Konsequenzen a Bezuch op Leeschtung an Haltung ze spieren: Mangel u Confort, Péng, Kompensatiounen, Mikrotrauma, Ineffeffikassitéit, asw …

Säitdeem ech méi Opmierksamkeet de Féiss vu menge Cycliste schenken, sinn ech iwwerrascht iwwer d’Zuel vun Inkompatibilitéiten tëscht hire Féiss an der Wiel vun hire Schong. Ech wollt déi Aschränkung vu menger Aarbecht net méi akzeptéieren an hu mech op d’Sich gemaach no engen Partner, deen ech a Lake konnt fannen.

Firwat LAKE?

  • Reaktive Partner deen op d’Bedierfnesser vu Cyclisten an hirem Bike-Fitter lauschtert.
  • Si maache NËMME Schong.
  • Qualitéit: Déi meescht Modeller sinn aus echtem Lieder an handgemaach.
  • Méiglechkeet zwou verschidde Gréissten fir dat selwecht Puer ze kréien.
  • Gréissten vu 36 bis 50 mat hallwe Gréissten vun 39 bis 47 (ofhängeg vum Modell).
  • Bis zu dräi verschidde Breeten (ofhängeg vum Modell).
  • Si wiesselen net all Joer hir Modeller.
  • E puer Modeller kënne personaliséiert ginn.

Wann Dir Iech wëllt berode loosse fir de Model ze fannen dee bei Är Féiss passt, kënne mir gären e Rendezvous ausmaachen, fir datt ech mir Zäit fir Iech a Är Féiss kann huelen. Dësen Service ass gratis an onverbindlech. Well et der Wäert ass. Wann Dir e Model wëllt kafen deen ech op Lager hunn, recommandéieren ech Iech mat Ärem Vëlo ze kommen. Ech stellen d’Kalle léiwer an an iwwerpréiwen am léifsten dynamesch op déi Astellung passt.