Basic Strooss/MTB
279,00 €
De Bike Fitting ass d’Konscht an d’Wëssenschaft, dem Cyclist säi Vëlo a Komponenten u seng beschtméiglech Positioun unzepassen, esou wäit wéi säi Vëlo et erméiglecht.
Méi iwwert de Bike-Fitting an den Ënnerscheet zum Bike-Sizing kënnt Dir op dëser Säit liesen.
Beschreiwung
D’Basic-Formel ass identesch mat der Ortho-Formel, awer ouni Drockmiessungen um Suedel..
Dës Formel riicht sech un Cyclisten déi keng orthopedesch Problemer hunn a déi keng Problemer hunn déi vum Suedel kéintekommen. Si riicht sech och un Cyclisten déi manner usprochsvoll sinn wat d’Präzisioun vun hirer Sëtzpositioun ugeet, awer sécher wëlle sinn mat enger richteg agestallter Sëtzpositioun hirer Gesondheet net ze schueden. An dësem Fall mussen déi Cyclisten sech awer bewosst sinn datt eventuell uro-genital Pathologien, déi vum Drock um Suedel verursaacht oder ënnerhale ginn, mat manner Effikassitéit kënnen ugepaakt ginn.
Wann si/hien keng Sitzpositiounsanalyse fir orthopädesch oder neurologesch Grënn mécht, a wann si/hien mat hirem/sengem Suedel gutt eens gëtt, dann ass dat d’Formel déi ech hir/him géif virschloen.
Inhalt vun der Basic-Formel:
- Interview, Bilan vun hiren/sengen Ambitiounen , Praktik, Erwaardungen, r Beschwierden, … Dës Elementer sinn entscheedend fir de Verlaf vun der Sëtzung.
- Bilan vun hiren/sengen Flexibilitéit a méiglechen Asymmetrien oder spezifesche Muskelschwächten.
- Beobachte vun hiren/sengen dynameschen Parameteren wann si/hien op hiren/sengen Vëlo fiert.
- Astellung vun de Kallen.
- Miessung vun de wichtege Wénkelen an Visualiséierung vun hirer/senger Positioun iwwer Videoanalyse.
- Analyse vu hiren/sengen Beenachsen.
- Optimal Upassung vun: Suedelhéicht a -Neigung, Suedel-Setback, Distanz Suedel-Guidon, Héichtenënnerscheed Suedel-Guidon, Dréiung vum Guidon a Positioun vun De Schalt-Brems-Hiewelen.
- Vergläich vun de Videoopnamen virun / no der Optimisatioun
- Tipps (Stretching, Technik, Stabilisatiounsübungen, …)