Promotioun!

CX403 Wäiss / Schwaarz

309,00 

Den CX 403 ass den ultimative Vëloschung.

Beschreiwung

Form: CX Race: mat engem e bësse méi schmuele Zéiwen- a Feeschteberäich wéi d’Form Competition an allgemeng manner Volume wéi d’Form Sport. Entwéckelt fir sportlecht Pedalléieren a mat enger liicht méi schmueler Passform.

Uewermaterial: Klite Känguru-Lieder mat neie Karbon-Asätz déi bidde perfekten Halt. Kanguru-Lieder, flexibel fir sech Äre Féiss unzepassen, ass natierlech liicht an ootmungsaktiv, sou datt dat iewescht Material Äre Féiss Komfort wärend der ganzer Fahrt garantéiert. Naturlieder a Kombinatioun mat den Karbon-Asätz an dem duebelen BOA®-System bréngen eng eenzegaarteg Kombinatioun aus Komfort a Stabilitéit

Baussesuel/Schuel: Custom Fit Carbon Fiber Suel. Verfügbar als 3-Lach KalleVriant oder mat engem speziellen 4-Lach Speedplay System ouni Adapter. Austauschbare Feescht-Block. Den hënneschte Véierel aus Thermaform ännert d’Dynamik vum Pedalléieren andeems en eng vun den effizientsten Plattform fir héich performant Vëlosfuere verschaaft, a gläichzäiteg iwwerleeëne Konfort bitt. Déi upassbar Karbonplattform garantéiert optimalen Halt vun der Feescht an onschlagbar Foussstabilitéit. De patentéierte Duebelsuelesystem ass eenzegaarteg vu Lake. D’Bannesuel ass eng semi-flexibel Glasfaserplattform déi dem Fouss eng gewësse Flexibilitéit um Niveau vum Balle bitt, wou de Fouss tendéiert ze schwëllen, waarm ze ginn, oder daf gëtt. D’Bannesuel ass un der steifer Bäussesuel äus Karbon suspendéiert. Dëse System erméiglecht d’Benotzung vun enger extrem steifer Karbon-Suel ouni Komfort-Kompromëss.

Verschloss: Duebele Push/Pull IP1 BOA®, op der Säit montéiert.

Faarwen: Wäiss/Schwaarz, Schwaarz/Sëlwer, Chameleonblo/Schwaarz a personaliséierte Lake Faarfdesign.

Jo, d’Faarwen vun dësem Modell kënnen personaliséiert ginn fir ee klengen Zousaz vun 60 €. Spillt mam Customizer an zéckt net fir mech ze kontaktéieren, wann Dir Hëllef oder Berodung braucht, eng zousätzlech Grafik wëllt oder ÄR Schong wëllt bestellen.

Gréissten: Standard a Wide: Vollgréissten vun 39 bis 48, 50, Hallefgréissten vun 39,5 bis 46,5.
Dammen: Vollgréissten vun 36 bis 43, Hallefgréissten vun 36,5 bis 42,5.

Fir Iech ze hëllefen déi richteg Gréisst ze fannen, gitt op dës Säit oder kontaktéiert mech.

Wann Dir zwou verschidde Foussgréissten hutt, bitt LAKE d’Optioun vun zwou verschiddene Gréissten, fir e klengen Zousaz vu 60 €, un. Kontaktéiert mech wann dëst Äre Fall ass.

Dat kéint Iech och interesséieren: