Express Teenager Strooss/MTB
161,00 €
De Bike Fitting ass d’Konscht an d’Wëssenschaft, dem Cyclist säi Vëlo a Komponenten u seng beschtméiglech Positioun unzepassen, esou wäit wéi säi Vëlo et erméiglecht.
Méi iwwert de Bike-Fitting an den Ënnerscheet zum Bike-Sizing kënnt Dir op dëser Säit liesen.
Beschreiwung
Wéi den Numm et scho seet, riicht sech d’Express Formel un d’Cyclisten déi net zevill Zäit hunn. Den Tarif gëtt dofir och esou niddreg gehale wéi méiglech an d’Sëtzung soll net méi wéi 2 Stonne fir e Mountainbike oder e Stroossevëlo ouni Aerobar daueren.
D’Konzept ass dat selwecht wéi fir déi Basis-Formel, mat e puer Ënnerscheeder:
- D’funktionell Tester sinn manner detailléiert.
- Ech schécken de Fit-Bericht ouni d’Video-Opnamen. Op jiddwer Fall behalen ech hir/seng Donnéeën.
- En Outdoor-Test no den Upassungen ass nëmme méiglech, wann déi verspache maximaler Dauer agehale ka ginn.
Wann Dir Iech fir eng Sitzpositiounsanalyse aus orthopedeschen oder neurologesche Grënn entscheet hutt, ass d’Express-Formel net richteg ubruecht. An dësem Fall recommandéieren ech den Ortho-Formel.
Inhalt vun der Express-Formel:
- Interview, Bilan vun hiren/sengen Ambitiounen , Praktik, Erwaardungen, Beschwierden, … Dës Elementer sinn entscheedend fir de Verlaf vun der Sëtzung.
- Beobachte vun hiren/sengen dynameschen Parameteren wann si/hien um Vëlo fiert.
- Astellung vun de Kallen.
- Miessung vun de wichtege Wénkelen an Visualiséierung vun hirer/senger Positioun iwwer Videoanalyse.
- Analyse vun hire/senge Beenachsen.
- Optimal Upassung vun: Suedelhéicht a -Neigung, Suedel-Setback, Distanz Suedel-Guidon, Héichtenënnerscheed Suedel-Guidon, Dréiung vum Guidon a Positioun vun De Schalt-Brems-Hiewelen.
- Vergläich vun de Videoopnamen virun / no der Optimisatioun.