FORM® MTB Walkable Shims V2
25,00 €
12 op Stock (kann nobestallt ginn)
Beschreiwung
FORM MTB Shims sinn déi eenzeg “walkable” SPD Shims um Maart, a goufe speziell entwéckelt fir d’Problemer ze iwwerwannen, déi inherent an traditionelle MTB Shim Designs sinn:
– eng Schwieregkeet beim Goen oder fir anzeklicken
– eng wackeleg an onstabil Verbindung mat de Pedallen
FORM hiere Produkt léist dës Problemer mat den Tricker:
– 2 parallell Laafflächen fir d’Kall ze schützen a Stabilitéit ze garantéieren
– vir ofgeflaacht fir besser anzeklicken
– zwee Däpp déi an de Schong erausstinn fir d’Rotatioun ze verhënneren
Dës Shims sinn ideal fir Gravel, Cyclocross oder Cross Country MTB , wou eng relativ vill Zäit am Sëtze pedalléiert gëtt, a si passen am Beschten op traditionell steif MTB Schong.
Uwendung
Beenlängt-Shims gi benotzt fir déi effektiv Beenlängt vun engem méi kuerze Been ze verlängeren a Fäll wou e Cyclist ënner enger Beenlängtdiskrepanz leid. Unzeeche vun enger Diskrepanz kënne sinn:
a) Iwwerreechung op enger Säit um Enn vum Pedalschlag
b) Becken gekippt oder de Biker hängt op eng Säit vum Suedel fir d’Verbindung mat de Pedallen ze halen
c) Ee Been fillt sech net genuch verstreckt un, während dat anert sech just richteg ufillt
Ungeholl datt eng Diskrepanz bestëtegt gouf, kënnen d’Problemer hei uewen geléist ginn mat der Benotzung vu Beenlängt-Shims. Shimming erméiglecht méi eng equilibréiert Biomechanik vun de Been, an de Becken gëtt stabiliséiert.
*kompatibel amt alle MTB-Kallen: Shimano SPD, Time ATAC, Crank Bros and Look X-Track
AM KIT SINN: 3 MM Haaptkierper / 2 MM STACKER / 1MM SPACER / Schrauwen
You must be logged in to post a review.
Reviews
There are no reviews yet.