jcob Type 5
219,00 €
Deen neien Type 5 ass de Nofollger vum Klassiker COBB JOF Fifty-Five op deem d’Triathlon-Weltmeeschterschaften 2017, 2018 an 2019 zu Kona gewonne goufen. Entwéckelt fir den ambitiéise Fuerer deen eng no vir orientéiert Geometrie fiert. Entworf fir op der Nues vum Suedel gefuer ze ginn, sëtzt de Fuerer gären um viischten Deel fir seng Hëftwénkel opzemaachen an esou eng grouss Kraaft op d’Pedallen ze bréngen. Den Typ 5 fillt sech am Ufank e bësse haart un, no e puer Sortien léisst en sech awer ënnert Iech vergiessen. D’Suedelschinne sinn 105mm laang fir ee groussen Astellungsberäich. D’Nues ass 55mm breet, sou datt keng Kabelbënner oder aner Upassunge noutwendeg sinn fir de ganzen Dag Komfort op dësem Suedel ze garantéieren. Wann Dir eng aggressiv Sëtzpositioun wëllt fueren fir de Wand ze bekämpfen, ass deen Design dee beschten. Déi schmuel Front, déi lues a lues no hanne ausenee geet, verhënnert datt Är Uewerschenkele laanscht de Suedel reiwen. Designt fir Männer a Frae ginn et sou vill subtil Detailer, déi zu der super Erfarung vun der Benotzung vun dësem Suedel bäidroen. Déi eenzegaarteg Form vum hënneschten Deel vun dësem Suedel hëlleft Iech och fir besser de Biergop ze drécken. Wann Dir Iech gären op Ärem Suedel wëllt beweege kënnen, ass dëse Suedel dee richtege fir Iech.
Beschreiwung
Zousätzlech Informatiounen
Weight | 0,366 kg |
---|---|
Dimensions | 260 × 55-135 cm |
Faarw |