Ortho Teenager Strooss/MTB
221,00 €
De Bike Fitting ass d’Konscht an d’Wëssenschaft, dem Cyclist säi Vëlo a Komponenten u seng beschtméiglech Positioun unzepassen, esou wäit wéi säi Vëlo et erméiglecht.
Méi iwwert de Bike-Fitting an den Ënnerscheet zum Bike-Sizing kënnt Dir op dëser Säit liesen.
Beschreiwung
Si/hien sicht Confort. Suedeldrockmiessungen erlaben et, exzessiv Drockzonen ze lokaliséieren, hir méiglech Ursaachen erauszefannen an, am Laf vun der Sëtzung, déi méiglechst komfortabel Positioun ze definéieren. An deene meeschte Fäll erméiglechen d’Korrekturen et, dee schiedlechen Drock op d’Schambeen ze reduzéieren, ënnert deem Nerven a Bluttgefäässer lafen, an d’Belaaschtung dohinner z’orientéieren wou se och higehéiert: op d’Sëtzknachen..
Si/hien hutt ee bessere Rendement am Viséier. De Wee ass de nämmlechten. Ouni Confort trëtt d’Middegkeet fréizäiteg op sou datt de Rendement parallel dozou an de Keller geet. Ofhängeg vun deem wat si/hien fiert, hirer/senger Morphologie, Ambitiounen, … versiche mir dee beschten Kompromëss ze fannen tëschent Confort a Leeschtung.
D’Virbeugen huet fir si/hien Prioritéit. Si/hien wëllt vermeiden datt hir/seng Positioun um Vëlo d’Ursaach gëtt vun Iwwerbelaaschtungverletzungen. D’Kombinatioun vu Videoanalyse an Drockmiessung um Suedel ass eng wäertvoll Hëllef.
Wann Dir Iech aus enger orthopedescher oder neurologescher Ursaach ass firwat Dir eng Sëtzpositiounsanalyse wëllt schenken, ass dëst d’Formel déi ech empfeelen.
Inhalt vun der Ortho-Formel:
- Interview, Bilan vun hirer/senger Ambitiounen , Praktik, Erwaardungen, Beschwierden, … Dës Elementer sinn entscheedend fir de Verlaf vun der Sëtzung.
- Bilan vun hirer/senger Flexibilitéit a méiglechen Asymmetrien oder spezifesche Muskelschwächten.
- Beobachte vun hirer/senger dynameschen Parameteren wann si/hien op hirer/senger Vëlo fiert.
- Astellung vun de Kallen.
- Miessung vun de wichtege Wénkelen an Visualiséierung vun hirer/senger Positioun iwwer Videoanalyse.
- Analyse vu hirer/senger Beenachsen.
- Optimal Upassung vun: Suedelhéicht a -Neigung, Suedel-Setback, Distanz Suedel-Guidon, Héichtenënnerscheed Suedel-Guidon, Dréiung vum Guidon a Positioun vun De Schalt-Brems-Hiewelen.
- Visualiséiere vun de Suedeldrockmiesseungen
- Optiméiere vun der Suedelpositioun
- Vergläich vun de Videoopnamen a Suedldrockmiessungen virun / no der Optimisatioun