Improving Cycling - Professional Bike Fitting in Luxembourg

Your Body

Your Bike

Your Fit

Hutt all Trëmp an der Hand fir
     Är Gesondheet,
     Äre Confort,
     Är Leeschtung.

Vergewëssert Iech, datt Dir eng Positioun op Ärem Vëlo hutt, déi gëeegent ass fir
     Är Morphologie a Flexibilitéit,
     Är Praktik an Äre Niveau,
     Är Ambitiounen a Projet’en,
     Är medezinesch Virgeschicht

Erlieft eng ugepassten Approche fir eng Eenheet mat Ärem Vëlo ze ginn duerch eng dynamesch a professionell Sëtzpositiounsanalyse, allgemeng bekannt als “Bike Fitting”. Egal ob Dir Är Leeschtung a Confort ze verbessere sicht, de Risiko vu Verletzungen ze reduzéieren oder Iech einfach besser op Ärem Vëlo wëllt spieren, ech sinn do fir Iech ze hëllefen. Spiert Dir Iech onwuel oder hutt dir Péng beim Vëlofueren? Egal wéi Äre Niveau ass oder wéi ee Vëlo Dir fuert, ech sinn do fir Iech ze hëllefen. Loosst eis zesummeschaffe fir datt Dir Äre Sport ënner beschtméigleche Konditiounen ausübe kënnt.

Servicer

Ech bidden haaptsächlech dräi Kategorie vu Servicer un.

Zréckkommend Client’en déi wësse wat se brauchen, kënnen direkt op de Buchungskalenner goen andeems se op de Knäppchen hei drënner klicken.

Wann Dir nei bei Bikefit.lu sidd a méi Informatioune wëllt, klickt op déi follgend Servicer fir méi Detailer ze kréien.

Firwat Äert Vertrauen a mech setzen?

Zertifizéiert Expertise: Level 4 IBFI zertifizéierte Bike-Fitter, mat Joren Erfarung a mat enger richteger Leidenschaft fir dëse Beruff.

Vu Kú Cycle ausgewielte Bike-Fitter: Wann Kú Cycle mir als Fitter vertraut, kënnt Dir et och 😉.

Diversifizéierte Background: Als erfuerene Cyclist, fréiere Physiotherapeut a manuellen Therapeut, bréngen ech Verständnis vun der Biomechanik a de Prozess vun der Sëtzpositiouns-Optimiséierung. Fir méi iwwer meng Rees gewuer ze ginn, klickt hei.

Empathie duerch Erfarung: well ech selwer mat schwéiere Verletzunge geplot war a nach sinn, verstinn ech ganz gutt wat Péng an Onbequeemlechkeet kënne sinn. Dës Empathie gëtt menger Approche zousätzlecht Verständnis, fir datt Äre Confort an Är Gesondheet prioritär sinn.

Praktesch Erfarung: Äert Vertrauen an Äre Vëlo sinn a gudden Hänn. Säit jonkem Alter hunn ech Vëloen zesummegebaut an ëmmer selwer ënnerhalen. Dës praktesch Erfarung beweist meng technesch Fäegkeeten a reflektéiert mäin Engagement.

Är Zefriddenheet an Är optimal Leeschtung si meng Prioritéiten – loosst eis dës Rees zesumme starten.

Bike Fitting

Ech suergen dofir datt Dir Iech mat Ärem aktuelle Vëlo méi verbonne spiert .

Bike Sizing

Wann Dir drun denkt en neie Vëlo ze kafen, hëllefen ech Iech déi richteg Entscheedung ze treffen.

Isoléiert Servicer

Verschidde Servicer sinn oder kënnen Deel vun engem Bike-Fitting sinn, kënnen awer och separat gebucht ginn.

Feedbacks

Kontakt ophuelen

+352 26 10 20 21

Dir kënnt och iwwer Telefon u mech kommen, mä aus Respekt fir mäi Client oder meng Cliente ginn ech wärend senger (hirer) Sëtzung net op den Telefon. Ech ruffen awer zeréck soubal wéi méiglech. Merci fir Äert Verständnis.

info@bikefit.lu

All d'Informatiounen déi Dir braucht sinn op dësem Site, an et ass am bequeemste fir eis zwee Äre Rendez-vous iwwer de Buchungskalenner ze managen. Wann Dir awer eng speziell Ufro hutt, zéckt net mir e Message ze hannerloossen.

Please select your category

Adult

It's never too late, regardless of your age, to set things right.

Student

It is essential to prevent discomfort and injuries during your growth.

    Wielt Är Kategorie

    Erwuessen

    Et ass ni ze spéit, onofhängeg vum Alter, fir ze maache wat richteg ass fir Äre Confort an Är Leeschtung.

    Student

    Et ass entscheedend wärend dem Wuesstum Verletzungen an Deformatioune virzebeugen.