Op den Inhalt sprangen

Fitting oder Sizing?

D’Sëtzpositiounsanalyse kann an zwee enk verbonne Konzepter ënnerdeelt ginn: Bike Fitting a Bike Sizing. Mat der Zäit genéissen dës zwee Begrëffer vun ëmmer méi Interaktioun. Fir Kloerheet ze schafe, loosst mech erkläre wéi ech dës Begrëffer benotzen.

Bike Fitting

Optiméiert Ären aktuelle Vëlo.

Anatomesch Vue vun engem Cyclist op engem Vëlo mat Fitting-Moossen

Ären aktuelle Vëlo, op Iech ugepasst.

Bike Sizing

Fannt Är optimal Sëtzpositioun. Wielt Ären nächste Vëlo.

Vëlosfuerer op engem Fit-Bike mat Koordinaten a kompatible Vëloen

Positiounskoordinaten + passend Vëloen.

Zesummegefaasst:

Ech lueden Iech häerzlech a fir hei ënne méi Detailer an Erklärungen ze fannen.

Zesummegefaasst fir déi, déi presséiert sinn: de Bike Fitting ass d’Konscht an d’Wëssenschaft, Äre Vëlo a seng Komponenten un Är beschtméiglech Positioun unzepassen, esou wäit wéi Äre Vëlo et erméiglecht.

Am Verglach mam Sizing bleiwen Zil a Philosophie déiselwecht: Harmonie tëscht Iech an Ärem Vëlo ze fannen an dat beschte Gläichgewiicht tëscht Leeschtung a Confort z’erreechen. Den Haaptënnerscheed ass datt Dir Äre Vëlo bréngt, an de d’Sëtzung gëtt mat Iech op Ärem Vëlo gemaach. Ofhängeg vun Äre Besoinen, kann e Fit-Bike och benotzt ginn, wat méi séier Ännerungen u Parametere wéi Kuerbellängt, Suedel, Guidon an Aerobaren erlaabt.

D’Videoanalyse gëtt benotzt:

  • fir hir Ënnerstëtzung vum luese mënschlechen Ae
  • fir dat wouvunner mer schwätze besser ze visualiséieren (Ralenti, Standbild, Wénkelmiessung, …)
  • fir d’Ufangspositioun an déi nei Sëtzpositioun besser vergläichen ze kënnen
  • Späichere vun den Dateie fir ee spéidere Gebrauch

Drocksensoren um Suedel erlaben:

  • präzis den Drock um Suedel ze lokaliséieren a ze quantifizéieren.
  • d’Mobilitéit an d’Stabilitéit vum Becken um Suedel z’analyséieren.
  • anzeschätzen, ob äre Suedel Ärer Morphologie a Praxis ugepasst ass.

Dräi Fitting-Formule ginn Iech proposéiert a méi spéit op dëser Säit beschriwwen.

De Fitting kann awer u Grenze stoussen:

  • Dir: Wärend de Vëlo op der Plaz ugepasst ka ginn, heiansdo a puer Schrëtt, kann e Fitting net ëmmer eng spontan Eliminatioun vu Gesondheetsprobleemer garantéieren. D’Beschwerde wäerte wärend der Sëtzung berücksichtegt ginn, awer et ass essenziell z’erkennen datt Dir vläicht u Flexibilitéit musst schaffen, Muskele stäerken oder (para)medezinesch Berodung opsichen.
  • Äre Vëlo: Wann e gudde Sizing gemaach ginn ass, huet äre Fitting och all Chance fir gutt ze sinn. Upassunge kënne verschidde Komponenten involvéieren, awer wann d’Geometrie vum Vëlo Iech net passt, kënnen eventuell Adaptatiounen den Handling vum Vëlo kompromettéieren.
    Wärend de Fitting Är Sëtzpositioun optiméiere soll, kann d’Endresultat vun Ärem aktuelle Vëlo a senge Komponente limitéiert sinn. Idealerweis sollt Äre Vëlo perfekt zu Ärer idealer Sëtzpositioun passen. Allerdéngs geschitt dacks de Géigendeel – Är Sëtzpositioun muss sech Ärem Vëlo upassen. Aus deem Grond recommandéieren ech e Sizing fir Ären nächste Kaf. De Käschtepunkt ass minim am Verglach zum potenzielle Verloscht beim Kaf vum falsche Vëlo.

Um Ufank, bestoung de Bike Sizing einfach draus, d’Schrëtthéicht ze moosse fir déi richteg Kadergréisst ze bestëmmen. Et huet sech séier erausgestallt, datt dat déi Miessung net duer geet an héchstens ka benotzt gi fir eng approximativ Suedelhéicht anzeschätzen. Aner anthropometresch Moossen si spéider dobäi komm, wat logesch ass well d’Längt vun de Been net proportionell zu der Héicht vum Uewerkierper oder zu der Längt vun den Äerm ass. Zwee Faktore ginn awer weiderhi vernoléissegt: d’Flexibilitéit vum Cyclist a seng Fäegkeet, déi Sëtzpositioun halen ze kënnen, déi sech aus de Resultater vun de Formelen ergëtt.

Bike-Sizing-Tabell

An der Tëschenzäit huet sech de Bike Sizing staark weiderentwéckelt an zu engem dynamesche Prozess ginn. D’Instrument wat dozou benotzt gëtt ass e Fit-Bike (oder Size-Bike), deen et erméiglecht, d’Positioun vum Suedel a vum Guidon wärend dem Pedalléieren an all Richtungen z’änneren. . Den direkte Feedback hëlleft fir déi optimal Sëtzpositioun z’ermëttelen op Basis vun der Aart Praxis, Morphologie, Flexibilitéit, eventuell Pathologien an traumatesch Virgeschicht De Wiessel vum Suedel, Guidon a Längt vun de Manivellen ass séier, sou datt Dir den Effet gutt spieren a vergläiche kënnt. Ech fuere nom F.I.S.T Protokoll (Fit Institut Slowtwitch) fir Iech duerch e puer Sëtzpositioune reesen ze loosse a schlussendlech bei ärer idealer Sëtzpositioun unzekommen.

Fit-Bike fir de Bike Sizing

Feeler ze vermeide beim Kaf vun engem neie Vëlo ass entscheedend. Vill Cyclisten hunn Onbequeemlechkeet oder si mat anere Probleemer nom Kaf konfrontéiert ginn andeems se e Vëlo op Basis vun Ästhetik oder Marketing auswielen anstatt vu Kompatibilitéit mat hirem Kierper. D’Zil ass et de Cyclisten z’erméiglechen e Vëlo ze fannen deen hinne vun Ufank u passt. Als Ofschloss vum Sizing, kritt Dir eng Lëscht vun den ausgewielte Modeller, passend zu Äre Fit-Koordinaten Dës Informatiounen erméiglechen Iech e Vëlo mat der korrekter Längt vu Potence, der néideger Spacerhéicht a perfekter Kuerbellängt ze bestellen, fir de Kafprozess z’optimiséieren.

Eventuell kann e Sizing u Grenze stoussen:

  1. D’Fit-Koordinate kënne vun Ärem definitive Vëlo ofwäiche wéinst ënnerschiddleche Komponenten (Suedel, Guidon, Schaltgrupp, Pedallen, …). Den idealen Zenario besteet aus engem Fitting no e puer Sortie mat Ärem neie Vëlo.

  2. Et kënne nëmme Marke proposéiert ginn, déi de Stack an de Reach vun hire Kaderen uginn an de Wénkel vu Steier- a Sëtzrouer. Dës Wäerter si fir applizéiert Trigonometrie noutwenneg.

  3. De Sizing funktionéiert ganz gutt fir Strooss-, Triathlon- an Zäitfuervëloen. Leider trëfft et net op Mountain Bikes oder Touring-Vëloen zou. Déi grouss Varietéit vu Steier- a Sëtzrouerwénkelen, gekoppelt mat verschiddene Forme vu Guidon op MTBs, mécht et bal onméiglech Trigonometrie unzewenden an eng Lëscht vu passende Geometrie opzestellen. Wann Dir awer ee bestëmmte Modell am Viséier hutt a genuch Informatiounen ze fanne sinn, kënne mir déi méiglech Sëtzpositiounen um Fit-Bike simuléieren.

Kuerz gesot, Bike Sizing ass d’Konscht a Wëssenschaft Är ideal Sëtzpositioun z’ermëttele fir e gutt informéierte Kaf vun engem Vëlo a seng Komponenten ze garantéieren Et geet drëms eng Sëtzpositioun ze garantéieren déi fir eng länger Zäit gehale ka ginn ouni d’Leeschtung ze kompromettéiere wéinst Onbequeemlechkeet oder Péng.

No Ärem Sizing, kritt Dir eng detailléiert Lëscht vu Vëloen, déi op Ärer Sëtzpositioun ugepasst sinn, dorënner Marken, Modeller, Kadergréissten mat Stack a Reach, bescht Kuerbellängt, Suedelstanng-Offset a Cockpitkonfiguratioun. Dëse Service, deen net am Fitting abegraff ass, erfuerdert Zäit, Fuerschung a Berechnungen, sou datt 80 € fir den éischte Vëlo a 15 € fir all nächste Modell verrechent ginn (op Ufro). D’Berechnunge baséieren op exakt Koordinaten, net op Schätzungen. Et sinn Är lescht Fit- Koordinaten. Si méi wéi zwee Joer zanter dem leschte Fitting vergaangen, empfeelen ech Iech e Bike Sizing fir optimnal Resultater.

Wichteg Bemierkungen:

Wéi fir de Sizing funktionéieren dës Berechnunge ganz gutt fir Strooss-, Triathlon- an Zäitfuervëloen. Leider trëfft et net op Mountain Bikes oder Touring-Vëloen zou Fir MTBs kann e spezifesche Modell ausgewielt gi baséiert op geliwwert Informatioun, a Simulatioune kënnen op engem Fit-Bike gemaach gi wann néideg.

Elo sollt Dir eng kloer Visioun hunn, wat Dir braucht fir de Vëlo am Beschten ze genéissen.

Dir wësst net, wéi ee Service bei Iech passt?

Beäntwert e puer Froen, an ech weisen Iech dee richtegen.

Woubäi kann ech Iech hëllefen?

Wéi eng Zort Vëlo?

Trëfft eppes dovun op Iech zou?

Hutt Dir Péng, Suedel- oder Foussproblemer (Aschlofen, Brennen, Drock)?

Wou spiert Dir et?

Wéi vill Zäit an Detail wënscht Dir?

Hat Dir schonn e Bike Fitting bei mir?

Wat braucht Dir fir Ären neie Vëlo?

En New Bike Check oder eng Bike Prescription baséiert op de Fit-Koordinaten aus engem Bike Fitting a mengem Studio. Ouni déi ass e Bike Sizing de Wee, fir de richtege Vëlo ze fannen.

Wéi eng Disziplin?

ORTHO passt am beschte bei Iech: déi komplettst Analys, op béide Säite gläichzäiteg gefilmt a gemooss. Ronn 3,5 Stonnen.

ORTHO buchenPräisser gesinn

BASIC passt am beschte bei Iech: eng gesond, effizient Positioun, op enger Säit gefilmt a gemooss. Ronn 3 Stonnen.

BASIC buchenPräisser gesinn

EXPRESS passt am beschte bei Iech: dat Wesentlecht an 2 Stonnen, op enger Säit gemooss. Ouni funktionell Tester, Suedeltester, Drockmiessung an Testfaart dobaussen.

EXPRESS buchenPräisser gesinn

BASIC an ORTHO passe béid bei Iech. BASIC moosst eng Säit, ronn 3 Stonnen. ORTHO moosst béid Säite gläichzäiteg a weist, ob e lénks-riets-Ënnerscheed eng Roll spillt, ronn 3,5 Stonnen.

BASIC buchenORTHO buchenPräisser gesinn

E Bike Sizing passt am beschte bei Iech: ech bestëmmen Är ideal Positioun um Fit-Bike, ier Dir kaaft.

Bike Sizing buchenPräisser gesinn

En New Bike Check passt am beschte bei Iech: ech kontrolléieren, ob de Modell, deen Dir am Kapp hutt, bei Iech passt, mat Gréisst, Potence a Spacerhéicht. 30 Minutten.

New Bike Check buchenPräisser gesinn

Eng Bike Prescription passt am beschte bei Iech: eng komplett Lëscht vu kompatibele Vëloen an enger Kategorie, baséiert op Äre Fit-Koordinaten (PDF). 60 Minutten.

Bike Prescription buchenPräisser gesinn

E Pre-Fit Check passt am beschte bei Iech: ech kontrolléieren, ob Äre Vëlo déi richteg Gréisst huet, ier Dir e komplette Bike Fitting bucht.

Pre-Fit Check buchenPräisser gesinn

Fir MTB an Touren- / Trekkingvëloen bidden ech kee Sizing un. Kontaktéiert mech, a mir kucken, wat méiglech ass.

Kontaktéiert mech

Dir hutt schonn e Vëlo? Loosst en astellen!

Dräi Formelen, een eenzegen Ënnerscheed deen zielt: wéi vill Säiten ech filmen, a wéi vill Zäit ech mir huelen. Net sécher? Äntwert op 3 kuerz Froen

Gefilmt a gemooss vu béide Säiten gläichzäiteg, fir datt lénks-riets-Asymmetrië siichtbar a moossbar ginn, egal ob se vun Ärer Morphologie kommen (zum Beispill ee méi kuerzt Been) oder vun Ärer Biomechanik. Är Positioun gëtt dann dorop ofgestëmmt; läit d’Ursaach bei Ärem Kierper, verweisen ech Iech un de richtege Spezialist. Enthält alles aus Basic, plus d’lénks-riets-Analys. Ongeféier 3,5 Stonnen.

Gefilmt a gemooss vun enger Säit. Fir déi meescht Cyclisten geet eng Säit duer, fir eng korrekt Positioun anzestellen. Enthält d’Gespréich, funktionell Tester niewent dem Vëlo (Beweeglechkeet, Flexibilitéit), d’Astelle vun de Kalle fir ee Puer Schong, d’komplett Astelle vum Vëlo, d’Optiméierung vum Suedel (wann néideg mat Suedeltester aus mengem Stock), de Video-Verglach vu virdrun an duerno, e komplette Rapport mat Videoen, eng optional Testfaart dobaussen an d’Nobetreiung per E-Mail. Ongeféier 3 Stonnen. Keng bekannten Asymmetrie? Basic bitt Iech alles, wat Dir braucht. Ortho ergänzt d’lénks-riets-Analys fir déi, déi se brauchen.

Dat Wesentlecht an 2 Stonnen, vun enger Säit gefilmt: Gespréich, 3D-Analys, Astelle vun de Kalle fir ee Puer Schong, Astelle vun der Positioun, Video-Verglach virdrun/duerno, komplette Bericht mat Videoen, Nobetreiung per E-Mail. Net abegraff: funktionell Tester, Suedeltester, Testfaart dobaussen, a keen vun den Extraen hei ënnen.

D’Express-Formule enthält:

Wéi ech moossen

All Fitting-Formele benotze mäin 3D-Motion-Capture-System. Déiftekameraën moossen Är Wénkelen an Ofwäichungen, wärend Dir pedalléiert, an d’Donnéeë ginn iwwer eng richteg Video vun Iech um Vëlo geluecht, net nëmme Punkten a Linnen. Gi méi Kameraen agesat, huelen se gläichzäiteg a synchron op: all Vue weist genee déi selwecht Beweegung. Är éischt an Är lescht Video ginn iwwerteneegeluecht, sou datt Dir d’Wërkung vun all Astellung wierklech gesitt.

Extraen

Bei der Reservatioun ukräizen; nëmmen Ortho a Basic.

Gutt ze wëssen

Dir wëllt iech een neie Vëlo kafen?

Bucht Äre Bike Sizing!

Feeler ze vermeide beim Kaf vun engem neie Vëlo ass entscheedend well et garantéiert datt d’Investitioun perfekt mat Äre Fit- Koordinaten ausgeriicht ass an en optimaalt Fuererliefnis bitt.

Dir hutt e SMARTBIKE? Ech komme gäre bei Iech!

D’Notzung vu Smartbikes gëtt ëmmer méi populär, wat zu enger wuessender Nofro fir Fitting-Sëtzunge fir dës Trainingsgeräter féiert. Well dës Apparater ze grouss sinn, fir se mat a mäi Lokal ze bréngen, bidden ech gären dëse Service bei Iech doheem un. Dës Déngschtleeschtung garantéiert Iech eng optimal Astellungen am Confort vun Ärem eegenen Doheem.

Isoléiert Servicer

Kallen-Astellung op engem Vëlosschong

D’Astellung vun engem Puer Kalle pro Vëlo ass an de Fitting-Sëtzungen abegraff, kann awer och als isoléiert Sëtzungn gebucht ginn. Nodeems d’Längspositioun vun de Kallen un d’Form vun Äre Féiss ugepasst ginn ass, loossen ech Iech um Rouleau pedalléiere fir d’Rotatioun vun de Kallen an d’lateral Positioun unzepassen. Dofir musst Dir Äre Vëlo matbréngen. Wann Dir schonn e Fitting hat, kënne mir op Äre Vëlo verzichten, wann Dir nach déi lescht Schong hutt, fir déi ech d’Kallen ugepasst hunn.

Sidas Custom Bike Pro Einlag

Vill Leit schéngen se ze vergiessen an ze vernoléissegen, awer et ass eis Féiss duerch déi mir eis Kraaft op d’Pedallen iwwerdroen. Gutt Einlagen droe wesentlech zum Confort a Leeschtung bäi andeems se adäquat Ënnerstëtzung bidden. Et ass entscheedend fir Är Féiss eng gutt Stabilitéit an eng besser Verdeelung vun der Kontaktfläch ze bidden. Liest méi …

Dës Moosseinlagen hunn nëmmen ee groussen Nodeel: Wann Dir se probéiert hutt, kënnt Dir net méi ouni se fueren ????.

D’Custom Bike Pro sinn eng super Optioun. D’Custom Bike Pro ULTRA, entwéckelt an Zesummenaarbecht mam Astana Pro Cycling Team, bidden eng méi steif Versioun un d’Bedierfnesser vun de leeschtungsorientéierte Cyclisten.

Sidas Logo – Your foot company

Dëse Service ass reservéiert fir zréckkommend Clienten an hire schonn agestallte Vëlo. Liest w.e.g. wat nokënnt ass fir ze verstoe firwat.

Suedelen teste ka mat e puer Hiersteller eng Erausfuerderung sinn, well se nëmmen een Testsuedel gläichzäiteg léinen, an Dir musst en dacks selwer montéieren an upassen. Zousätzlech kënnen e puer Marken net hir ganz Palette verfügbar hu fir ze testen, a vill Marke bidden net emol Testssuedelen un.

WAt ech proposéieren: Kommt mat Ärem Vëlo a mir kënne Suedele vu mengem Stock op der Plaz testen. Dir kënnt och Är eege Suedele matbrénge fir ze vergläichen. Wiesselen ass meeschtens séier, wat d’Vergläiche méi einfach mécht. D’Video-Analyse erlaabt eis den Afloss vum Suedel op d’Positioun vum Becken ze kontrolléieren. Wann Äert Gefill net zouverlässeg ass, hëllefen Drockmiessungen eis.

Ech stockéiere Suedelen vu Selle Italia, jcob, gebioMized, Ergon, SQLab, Profile Design and BiSaddle. Wann Dir e Suedel op der Plaz kaaft, gëtt et richteg agestallt, an dir d’Fit-Date mat.

Anatomesch Vue vun engem Cyclist op engem Vëlo, mat rout markéiertem Beckenberäich

Notéiert w.e.g. datt dëse Service fir Clientë reservéiert ass, déi op deem Vëlo fir deen se Suedelen teste wëllen.schonn ee Fitting bei mir haten, Ech hoffen ech kann op Äert Verständnis zielen. Et ass wichteg ze bemierken datt e Suedelwiessel d’Positioun vun Ärem Becken um Vëlo beaflosse kann, an de Suedel ze wiesselen ännert dacks Är Positioun. Dofir empfeelen ech Iech e Fitting virum dësem Service gehat ze hunn, well d’Positioun vun Ärem Schwéierpunkt iwwer de Trietlager ee vun de “Driver” vu menge Sëtzpositiouns-Optimisatiounen ass.

Wann Dir Iech fir e Fitting entscheet hutt an et stellt sech wärend der Sëtzung eraus, datt Äre Suedel net gëeegent ass, wäert ech mäint Bescht maachen, fir Iech dee passende Suedel unzebidden.

Profile Design Logo

Ech genéisse mat Profil Design Produkter ze schaffe wéinst hirer Adaptabilitéit a Flexibilitéit. Den Engagement vun der Firma fir op Athleten a Bike-Fitter ze lauschtere garantéiert kontinuéierleche Progrès , wat hir Produkter héich zouverlässeg mécht.

Profile Design Aerolenker op engem Fit-Bike

Ech bidden e Service un deen Iech erlaabt d’Form vun den Aerobars vu Profil Design op engem Fit-Bike mat Äre Fit-Koordinaten ze probéieren. Dëst erméiglecht séier Ännerungen a Vergläicher vu verschiddenen Aerobars an Ärer Sëtzpositioun, fir och ze bestëmmen ob zousätzlech Spacer gebraucht ginn. Wa mir den optimale Setup fonnt hunn, kann dee vum Fit-Bike op Ären aktuelle Vëlo replikéiert ginn.

Wann Dir Är Kuerbelgarnitur wiessele wëllt oder musst a wëllt sécherstellen datt Dir déi optimal Kurbellängt kaaft.

D’Längt vun de Manivellen ass esou wichteg a gëtt awer esou vernoléissegt. D’Längt vun de montéierte Kuerbele geet normalerweis mat der Gréisst vun de Kaderen erop, wat fir d’Fabrikante méi einfach ass, awer net onbedéngt logesch.

Kennt Dir Är ideal Kuerbellängt? Wann Dir nach kee Sizing hat, warscheinlech net.

Esou wéi et Formele gëtt fir d’Suedelhéicht, d’Distanz Suedel-Guidon, d’Breet vum Guidon, …asw, auszerechnen, gëtt et eng Formel fir d’Kuerbellängt ze berechnen déi Dir braucht. Ech kann Iech se net soen; ech weess se net. Net méi wéi aner Formelen, well ech se net benotzen. All dës Formele sinn éischtens obsolet, zweetens ginn se dovunner aus, datt jiddereen déi selwecht anthropometresch Proportiounen huet, déi selwecht Flexibilitéit, déi selwecht Technik, dee selwechten Niveau, ….

Et ginn esou vill Faktoren, déi déi ideal Längt bestëmmen, datt keng Formel se ausrechne kann. Si muss getest ginn.

Duerfir bidden ech dëse Service un. Um Fit-Bike kann ech d’Astellungen Ärem Vëlo reproduzéieren (vergiesst deen net) a Kuerbellängten vun 155 mm bis 185 mm testen .

Fit-Bike fir d'Längt vun de Kuerbelen ze testen

Wann Dir u meng Berodung interesséiert sidd fir de richtege Modell aus hirer Gamme ze fannen, kënnt Dir gären e Rendez-vous plange fir e bëssen Zäit Äre Féiss ze widmen. Dëse Service ass gratis an ouni Verpflichtung. Wann Dir e Modell kaaft deen ech op Lager hunn, recommandéieren ech Iech mat Ärem Vëlo ze kommen. I prefer adjusting your cleats myself and dynamically verifying the correctness of this adjustment.

LAKE logo
Fitting-Koordinateblat

Ech maache Berechnungen a Recherchen iwwer Geometrien a Konfiguratioune fir Strooss-, Triathlon- an Zäitfuere Vëloen op Basis vun existente Fit-Koordinaten déi manner wéi 2 Joer al sinn. Ab deem Delai recommandéieren ech e Bike Sizing, well an zwee Joer kann äre Kierper sech vill verännert hunn.

Kuerz Evaluatioun virun der eventueller Buchung vun engem komplette Bike Fitting, fir ze kontrolléieren, ob d’Gréisst vun Ärem aktuelle Vëlo an déi generell Astellunge passend genuch sinn, fir e komplette Fitting ze rechtfäerdegen.

Dëst ass kee Bike Fitting. Et si keng Astellungen um Vëlo, keng detailléiert Cleat-Astellung, keng Videoanalyse an och kee schrëftleche Fitting-Rapport abegraff.

Präis: 75 €
50 € ginn ofgerechent, wann Dir bannent 6 Méint e komplette Bike Fitting oder Bike Sizing bucht.

Ofgeschniddene Lenker

Ech beméie mech derfir ze suergen datt Dir d’Sëtzung mat engem richteg agestallte Vëlo verloosst. Ët kann awer mol virkommen datt eng definitiv Astellung net direkt ka gemaach ginn. Well ëmmer manner Modeller mat Standard Guidon a Potence ausgestatt sinn, mussen eventuell Ersatzdeeler bestallt ginn. Wann Dir léiwer hutt datt ech de Montage maachen, musst Dir vläicht zréck kommen.

Am Fall vun engem eventuellen Agrëff , deen Är Haltung kéint beaflossen, stinn ech zu Ärer Verfügung. Och wann ech keen Ënnerhalt oder Reparaturen ubidde fir Konkurrenz mat Vëlosgeschäfter ze vermeiden, sinn ech hei fir ze hëllefe wann déi néideg Handlung Är Sëtzpositioun beaflosse kéint.

Bike Sizing (Stroossevëlo, Gravel, Triathlon / TT) – wielt Är Alterskategorie

Erwuessen

Erwuessen

Et ass ni ze spéit, onofhängeg vum Alter, fir ze maache wat richteg ass fir Äre Confort an Är Leeschtung.

Student

Student

Et ass entscheedend wärend dem Wuesstum Verletzungen an Deformatioune virzebeugen.

Ortho – wielt Är Alterskategorie a Vëlostyp

Erwuessen

Erwuessen

Et ass ni ze spéit, onofhängeg vum Alter, fir ze maache wat richteg ass fir Äre Confort an Är Leeschtung.

Student

Student

Et ass entscheedend wärend dem Wuesstum Verletzungen an Deformatioune virzebeugen.

Basic – wielt Är Alterskategorie a Vëlostyp

Erwuessen

Erwuessen

Et ass ni ze spéit, onofhängeg vum Alter, fir ze maache wat richteg ass fir Äre Confort an Är Leeschtung.

Student

Student

Et ass entscheedend wärend dem Wuesstum Verletzungen an Deformatioune virzebeugen.

Express – wielt Är Alterskategorie

Erwuessen

Erwuessen

Et ass ni ze spéit, onofhängeg vum Alter, fir ze maache wat richteg ass fir Äre Confort an Är Leeschtung.

Student

Student

Et ass entscheedend wärend dem Wuesstum Verletzungen an Deformatioune virzebeugen.