FORM® MTB Walkable Beenlängt-Shims V2

Deelen:

Print
Email
WhatsApp
Facebook
Twitter
LinkedIn
Pinterest
Tumblr

BENOTZUNGSKRITÄREN

Beenlängt-Shims gi benotzt fir déi effektiv Längt vun engem méi kuerze Been z’erhéijen a Fäll wou e Cyclist eng Beenlängtdiskrepanz opweist. Unzeeche vun engem Beelängtenënnerscheet kënne sinn:

a) Iwwerstreckung op enger Säit an der ënnerster Phase vun der Pedallëmdréiung
b) Kippe vum Becken oder de Biker hängt op eng Säit vum Suedel fir d’Verbindung mat de Pedallen ze halen
c) Ee Bee fillt sech net genuch verstreckt un, wärend dat anert sech just richteg ufillt

Ugeholl datt eng Diskrepanz bestätegt gouf, kënnen d’Problemer hei uewe geléist gi mat der Benotzung vu Beenlängt-Shims. Shimming erméiglecht méi eng equilibréiert Biomechanik vun de Been, an de Becken gëtt stabiliséiert.

* kompatibel mat allen MTB-Kallen: Shimano SPD, Time ATAC, Crank Bros and Look X-Track

AM KIT SINN: En Haaptkierper vun 3 mm / 1 Spacer vun 2 mm / 1 Spacer vun 1 mm / Schrauwen

FORM MTB Shims sinn déi eenzeg “walkable” SPD Shims um Maart, a goufe speziell entwéckelt fir d’Problemer ze iwwerwannen, déi inherent an traditionellen MTB Shim Designs sinn:

– eng Schwieregkeet beim Goen oder fir anzeklicken
– eng wackeleg an onstabil Verbindung mat de Pedallen

FORM hire Produkt léist dës Problemer mat den Tricker:

– 2 parallel Laafflächen fir d’Kall ze schützen a Stabilitéit ze garantéieren
– vir ofgeflaacht fir besser anzeklicken
– zwee Däpp déi an de Schong eraussti fir d’Rotatioun ze verhënneren

Dës Shims sinn ideal fir Gravel, Cyclocross oder Cross Country MTB , wou relativ vill Zäit am Sëtze pedalléiert gëtt, a si passen am Beschten op traditionell steif MTB Schong.

29,50 

In stock (kann nobestallt ginn)

0
    0
    Äer Wuerekuerf
    Äre Wuerekurf ass eidelZréck an de Shop