OPTIMIZING CYCLING

Am Ufank ware Sëtzpositiounsanalysen haaptsächlech vun ambitionéierte Vëlosfuerer gefrot. Fräizäitfuerer hu sech net getraut, hu fälschlecherweis geduecht si wieren dofir net gutt genuch oder si bräichten et net. Dëst huet vill geännert, virun allem iwwert d’lescht Joerzéngten, mat der wuessender Unzuel vu Cyclisten an dem Verstoe vun der Wichtegkeet vun enger Sëtzpositiounsanalyse fir Cyclisten.

Aus dëser Ursaach ass eng professionell Sëtzpositiounsanalyse onëmgänglech. Et gëtt bericht datt 85% vun de Cycliste kënne Affer vun Iwwerbelaaschtungsverletzungen ginn. Wa mir d’Zuel vu de Kuerbelmdréiungen an enger Stonn kucken (3.600 fir eng Kadenz vun 90 / Min) an d’Zuel vun de Stonnen, déi mir um Vëlo verbrénge wëllen, wësse mer séier, datt eng schlecht Sëtzpositioun vill Schued uriichte kann.

Eng Sëtzpositiounsanalyse soll och dës Zort vu Verletzung virbeugen. Wann awer de Schued schonn do sinn, kann se hëllefen, d’Ursaach z’analyséieren. Et ass also eng wichteg Etapp  vun der Behandlung, well eng Behandlung, déi sech op Symptomatologie limitéiert, ass an hirer Wierkung begrenzt. Wann d’Diagnostik richteg gemaach ass an déi verschriwwen Behandlung net zu engem zefriddestellende Resultat féiert, ass et oft néideg, d’Ursaach fir dem Patient-Cyclist seng Problemer éischter bei sengem Vëlo a sengen Astellungen ze sichen.

D’Sich nom Cyclist senger optimaler a bio mechanesch korrekter Sëtzpositioun gëtt geleet vun:

  • senge morphologeschen Eegenschaften (Gréisst, Flexibilitéit, Glidder moossen, Asymmetrien, …)
  • seng Stabilitéit (staark Beem, awer schlecht Stabilitéit vum Becken an Uewerkierper ass wéi mat enger Kanoun aus engem Kayak ze schéissen)
  • seng traumatologesch Geschicht (Verletzungen, Iwwerbelaaschtungsläsiounen, Operatiounen, …)
  • seng sportlech Erfarung, Evolutioun, …
  • seng Praktik (Fräizäit, Kompetitioun, Strooss, Mountainbike, Triathlon, Cross, Touring, ….)
  • seng Ambitiounen (kuerz oder laangfristeg)
  • säi Feeling (Empfannen, Péng, Leeschtungsfäegkeet, …)
  • seng Technik (d’Technik beaflosst d’Positioun an ëmgedréint)
Loading…

D’Sëtzungsoptiméierung ass net onbedéngt a sollt net no der éischter Sëtzung ofgeschloss ginn. Dir wäert Iech onweigerlech änneren an evoluéieren. Dir wësst et fir et scho gefillt ze hunn. Äert Gewiicht schwankt, Är Flexibilitéit variéiert iwwert de ganzen Dag, Är Aarbecht an aner Aktivitéiten beaflossen Äert Empfannen. Dir maacht méi eng laang Paus an erkennt Iech an Är Positioun net méi.

Bikefitting ass eng an dësem Sënn eng Rees, an ech wier frou, déi mat Iech zesummen z’ënnerhuelen.