Skip to content

Your Body Your Bike Your Fit

Confort, Leeschtung a Verletzungspräventioun

Professionelle Bike Fitting
a Bike Sizing zu Luxembourg

Your Body Your Bike Your Fit

Professionelle Bike Fitting fir

Confort, Leeschtung a Verletzungspräventioun

Vertraut vun honnerte Cyclisten zu Lëtzebuerg an der Ëmgéigend.

Hutt all Trëmp an der Hand fir
Är Gesondheet, Äre Confort, Är Leeschtung.

Vergewëssert Iech, datt Dir eng Positioun op Ärem Vëlo hutt, déi gëeegent ass fir
Är Morphologie a Flexibilitéit, Är Praktik an Äre Niveau, Är Ambitiounen a Projet’en, Är medezinesch Virgeschicht.

Déngschtleeschtungen

Ech bidden haaptsächlech dräi Kategorie vu Servicer un.

Zréckkommend Client’en déi wësse wat se brauchen, kënnen direkt op de Buchungskalenner goen andeems se op de Knäppchen hei drënner klicken.

Wann Dir nei bei Bikefit.lu sidd a méi Informatioune wëllt, klickt op déi follgend Servicer fir méi Detailer ze kréien.

Firwat Äert Vertrauen a mech setzen?

Zertifizéiert Expertise: Level 4 IBFI zertifizéierte Bike-Fitter, mat Joren Erfarung a mat enger richteger Leidenschaft fir dëse Beruff.

Vu Kú Cycle ausgewielte Bike-Fitter: Wann Kú Cycle mir als Fitter vertraut, kënnt Dir et och ????.

Diversifizéierte Background: Als erfuerene Cyclist, fréiere Physiotherapeut a manuellen Therapeut, bréngen ech Verständnis vun der Biomechanik a de Prozess vun der Sëtzpositiouns-Optimiséierung. Fir méi iwwer meng Rees gewuer ze ginn, klickt hei.

Empathie duerch Erfarung: well ech selwer mat schwéiere Verletzunge geplot war a nach sinn, verstinn ech ganz gutt wat Péng an Onbequeemlechkeet kënne sinn. Dës Empathie gëtt menger Approche zousätzlecht Verständnis, fir datt Äre Confort an Är Gesondheet prioritär sinn.

Praktesch Erfarung: Äert Vertrauen an Äre Vëlo sinn a gudden Hänn. Säit jonkem Alter hunn ech Vëloen zesummegebaut an ëmmer selwer ënnerhalen. Dës praktesch Erfarung beweist meng technesch Fäegkeeten a reflektéiert mäin Engagement.

Är Zefriddenheet an Är optimal Leeschtung si meng Prioritéiten – loosst eis dës Rees zesumme starten.

Bike Fitting

Ech suergen dofir datt Dir Iech mat Ärem aktuelle Vëlo méi verbonne spiert .

Bike Sizing

Wann Dir drun denkt en neie Vëlo ze kafen, hëllefen ech Iech déi richteg Entscheedung ze treffen.

Isoléiert Servicer

Verschidde Servicer sinn oder kënnen Deel vun engem Bike-Fitting sinn, kënnen awer och separat gebucht ginn.

Feedbacks

5.0 34 reviews

  • didilux’s Avatar didilux ★★★★★ 10 hours ago
    Sympathische, fachgerechte Beratung und Einstellung des Bikes. Sehr freundlich und offen für alle Fragen. Kann man nur weiterempfehlen. 😊
  • Maryse Gratia’s Avatar Maryse Gratia ★★★★★ a week ago
  • Amuthavally Bibauw’s Avatar Amuthavally Bibauw ★★★★★ 2 weeks ago
    Un grand merci à Patrick pour son super boulot et ses excellents conseils !
    Patrick prend vraiment le temps, il est à l'écoute et à l'affût des moindres détails. C'est un vrai passionné
    … More qui aime transmettre et expliquer son savoir-faire, un pur plaisir.
    Après un réglage complet du vélo, une nouvelle selle, un ajustement de la position du guidon et de nouvelles chaussures adaptées, le résultat dépasse toutes mes attentes. Je viens de faire une longue sortie et c'est le jour et la nuit : un confort absolu, plus aucune douleur (mes jambes et mes genoux te remercient, Patrick !), et même une meilleure récupération.
    Vous pouvez y aller les yeux fermés !
    ————————
    A huge thank you to Patrick for his amazing work and excellent advice!
    Patrick really takes the time to listen and pays close attention to the smallest details. He is a true enthusiast who loves sharing his knowledge, making the whole experience a real pleasure.
    After a full bike fitting, a new saddle, a handlebar position adjustment, and new custom-fitted shoes, the results exceeded all my expectations. I just went on a long ride and it’s night and day: absolute comfort, zero pain anywhere (my legs and knees thank you, Patrick!), and even my recovery was great.
    You can go there with your eyes closed—highly recommended!

Méi Bewäertunge liesen
  • Martine Noesen’s Avatar Martine Noesen ★★★★★ 4 weeks ago
    Och wann ech net ganz vill mam Vëlo fueren, mee gären heiansdo méi kuerz oder méi laang Strecken maachen, sinn ech hei ganz professionell empfaange ginn.
    De komplette Check gouf ganz grëndlech gemaach,
    … More an et gouf vill Zäit investéiert, fir alles perfekt op meng richteg Positioun anzestellen.
    Ech sinn immens frou, datt ech dat endlech gemaach hunn! No e puer Ännerungen um Suedel hunn ech elo deen fonnt, deen fir mech am agreabelsten ass. Ech sëtzen elo vill besser um Vëlo, an et mecht d'Fueren vill méi angenehm a méi einfach.
    Ech kann dëse Service nëmme weiderempfeelen. Top Service! 🚴‍♀️👏
  • marie Schweitzer’s Avatar marie Schweitzer ★★★★★ a month ago
    J’ai pris l’analyse posturale orthopédique, j’avais des douleurs lombaires récurrentes depuis des années.
    J’ai fait une sortie avec les nouveaux réglages issus du bikefitting, je n’ai plus de douleurs
    … More pour l’instant et ma puissance de pédalage est meilleure.
    Je recommande fortement cette expérience.

Kontakt ophuelen

+352 26 10 20 21

Dir kënnt och iwwer Telefon u mech kommen, mä aus Respekt fir mäi Client oder meng Cliente ginn ech wärend senger (hirer) Sëtzung net op den Telefon. Ech ruffen awer zeréck soubal wéi méiglech. Merci fir Äert Verständnis.

Klickt w.e.g. hei fir eng Email ze schécken

All d'Informatiounen déi Dir braucht sinn op dësem Site, an et ass am bequeemste fir eis zwee Äre Rendez-vous iwwer de Buchungskalenner ze managen. Wann Dir awer eng speziell Ufro hutt, zéckt net mir e Message ze hannerloossen.

Wielt Är Kategorie

Erwuessen

Et ass ni ze spéit, onofhängeg vum Alter, fir ze maache wat richteg ass fir Äre Confort an Är Leeschtung.

Student

Et ass entscheedend wärend dem Wuesstum Verletzungen an Deformatioune virzebeugen.

Wielt Är Kategorie

Erwuessen

Et ass ni ze spéit, onofhängeg vum Alter, fir ze maache wat richteg ass fir Äre Confort an Är Leeschtung.

Student

Et ass entscheedend wärend dem Wuesstum Verletzungen an Deformatioune virzebeugen.

Waart eng Minutt! ✋

Nee, Dir sidd net op der falscher Plaz! Bike-Fitting ass fir ALL Cycliste geduecht, net nëmme Leeschtungssportler.

→ Äre Confort zielt, egal wéi Dir fuert. (An d’Effizienz gëtt et als Bonus dobäi!)